Wat ass d’EBL?
D’Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. (EBL) gouf 1992 als onofhängeg a neutral Ëmweltberodungsorganisatioun fir Gemengen, Associatiounen, ëffentlech a privat Institutiounen an Entreprisen, Ëmweltberoder an -intresséierter gegrënnt an zielt momentan 86 Abonnente-Gemengen, an deenen zesumme ca 95% vun der Landespopulatioun liewen.

Säit 1994 gëtt d’EBL nierwt de Membercotisatiounen iwwer eng Konventioun mam Ministère fir Ëmwelt, Klima a nohalteg Entwécklung finanziell ënnerstëtzt an hirer Missioun fir den Austausch vun Iddien an Erfahrungen an d’Zesummenaarbescht tëscht den Ëmweltakteuren haaptsächlech am kommunale Beräich ze fërderen. Sou bitt d'EBL haut nierwt hierer allgemenger Berodung och Formatiounen, Séminairer a Workshops un, souwéi eng ganz Rei u Publikatiounen (Infografiken, Brochüren, Bicher, etc.) a Material (Energiemieskoffer, Austellung, Infopannoen, etc.). Och d'Ausschaffen an d'Initiéiere vun innovative Pilotprojete gehéieren zum Répertoire vun der EBL.

Kooperatiounen an d'Stäerke vun interkommunalen an multidisziplinäre Kontakter sinn der EBL immens wichteg an dofir gëllt eise Veräin och oft als Interlocuteur tëscht ëffentlechen a privaten Akteuren. Eng ganz Rëtsch u Koordinatiounsaarbechte falen doduerch un d'EBL (z.B. Campagnen "Ouni Pestiziden", "ech kafe clever" oder "Grénge Web"). De Klimapakt ass natierlech och en Aktivitéitsfeld vun der EBL, virun allem fir Formatiounen a praktesch Échangen. D’EBL ass doriwwer eraus un enger helle Wull weidere Projetë bedeelegt an ass esou eng Stëmm fir seng Memberen bei villen Ëmweltdiskussiounen.

Zu gudder Lescht ënnerstetzt d’EBL och gären all déi Gemengen, déi en Ëmweltservice an d’Liewe ruffe wëlle, sierf et bei der Definitioun vun den Tâchen a Responsabilitéiten bis hin zum Assistéiere bei de Viirstellungsgespréicher fir en Ëmweltberoder.

Als Veräin ass d'EBL net op Profit aus a kann äerch esou e staarke Partner bei äeren Ëmweltprojete sinn. Maacht mat a kommt bei d'EBL.

 

Eis perséinlech Engagementer...

 
Eis Ekipp
Nils LECHES
Kontakt
Marianne KOLLMESCH
Kontakt
Gil KIRCHEN
Kontakt
Julie Garlinskas
Kontakt
Fränz Hausemer
Kontakt
Céline Ducourant
Kontakt
Adrien FLAMMANG
Kontakt
Michou
Kontakt
De Comité vun der Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. setzt sech
momentan aus folgende Persounen zesummen:


Guy SPANIER
- Ëmweltberoder Schëffleng ¦ Präsident
guy.spanier@schifflange.lu

Luc FRIEDRICH - Ëmweltberoder Miersch ¦ Vize-Präsident
luc.friedrich@mersch.lu

Laurent MAJERUS - Ëmweltberoder Mamer ¦ Sekretär
laurent.majerus@mamer.lu

Jos MATHIEU - Ëmweltberoder Suessem ¦ Trésorier
jos.mathieu@sanem.lu

Max KLEIN - Ëmweltberoder Réiser
max.klein@roeser.lu

Klaus GRÖLL - IGLux & Klimaberoder 
k.groell@iglux.lu

Martine SCHUMMER - Schroeder & Associés & Klimaberoderin
martine.schummer@schroeder.lu

Caroline CALMES - Ëmweltberoderin Beetebuerg
caroline.calmes@bettembourg.lu

Marc JACOBY - Ëmweltberoder Kayl
marc.jacoby@kayl.lu

Jeannot BEHM - Ëmweltberoder Esch/Uelzecht
jeannot.behm@villeesch.lu

Charel KASS - Ëmweltberoder Ettelbréck
charel.kass@ettelbruck.lu

 

Guy URBANY ¦ EBL-Éierepresident