Hei ass eng kleng Oplëschtung vu “Best Practices”-Beispiller, déi d’EBL-Ekipp am Aarbechtsalldag ëmsetzt / ëmgesat huet, an déi als kleng Inspiratioun dénge kënnen (och déi kleng Schrëtt kënnen eng Differenz maachen):

  • D’EBL benotzt den ETIKA Spuerkonto.
    (méi Informatiounen)
  • Fir eist Schreif-a Büromaterial gëtt sech op déi gesondheetlech onbedenklech an ekologesch Produkter vun der Campagne “Clever akafen” bezunn.
    (méi Informatiounen)
  • Déi onbenotzte Rechekraaft vun eise Computere stelle mir der Klima-a Kriibsfuerschung zur Verfügung.
    (Link: BOINC)
  • Eisen EBL-Site gouf programméiert fir ee minimum un Daten – a soumat Energie – ze verbrauchen.
    (méi Informatiounen)
  • Grousse Wert gouf op den ekologeschen a sozialen Engagement vun eisem Internet-Host geluecht.
    (Link: Infomaniak)

 

Wat kënne mir nach besser maachen? Kontaktéiert eis!