EBL huet spezifesch fir Gemenge standardiséiert a vereinfacht Formulairen zu den Commodo-Incommodo Classe 2 Genehmegungsprozeduren ausgeschafft. Mat dësen eenheetlechen Formulairen, déi digital wei och a gedruckter Versioun vum Demandeur ausgefëllt kënne ginn, bidd sech heimat der Gemeng eng vereinfacht Traitement vun solchen Dossieren un.

Zousätzlech ka sech mat der EBL zu all Moment a Verbindung gesat ginn, vir Rotschléi oder Erfahrungen aus aneren Gemengen zu dëser Thematik matgedeelt ze kréien. Onentschlossener kënnen e gratis Exemplaire bei der EBL ufroën. Verfügbar si folgend Formulairen: animaux, atelier-garage, atelier-charpentier, boucheries, boulangeries, cosmétiques, foraines, marbres, ménageries, poissonneries, restaurants, salles an torréfaction.

Gratis fir Member-Gemengen

 

Update:

Dës Formulaire sinn am Joer 2013 ausgeschafft ginn. Dofir musse mir drop hiweisen, datt si net méi onbedéngt der aktuellster Gesetzgeebung entspriechen. Si kënnen nach als Richtlinien déngen, mee et soll kontrolléiert ginn, op d’Nomenclature nach aktuell ass.

Info: Um nationalen Niveau sollen E-Formulaire vum Staat ausgeschafft ginn.

Bei konkrete Froe bidde mir iech nach ëmmer eis Hëllef un.

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN