Infografik: Chrëschtdagsbeliichtung
Energiespueren ass eng Prioritéit, och wärend de Chrëschtdeeg. Do ginn et verschidde Gewunnechten déi een upasse kann, ouni d’Freed vun de Feierlechkeeten ze verléieren. Dës Infografik zielt e puer wichteg Punkten op, wéi ee bei der Chrëschtdagsbeliichtung Energie spuere kann, a gläichzäiteg och d’Liichtverschmotzung reduzéiere kann (a soumat eppes fir d’Biodiversitéit maachen).
Mat Hëllef vun Infografiken kënnt dir äre Bierger / Mataarbechter / Clienten Ëmwelttheeme méi no bréngen!
Notzt dës Dokumenter an ärem Gemengebuet, op ärem FB- oder Internetsite, als Poster an äre Gemengegebaier oder um Bus-Arrêt asw.
Ären Iddie si keng Grenze gesat.
- Gratis fir EBL-Membergemengen
- 5 Sproochen: LU, DE, FR, PRT, EN
- Personaliséierbar mat ärem Logo
- Präis fir Net-Memberen: 1 Infografik = 200 Euros / 6 Infografiken = 1000 Euros
Dir wëllt matmaachen an d’Infografiken notzen? Da kontaktéiert eis!
Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL