D’Etude „Kompetenz vor Ort“ liwert eng detailléiert Bestandsopnam zur aktueller Fonktioun vun der Ëmweltberodung an gëtt en Abléck doran wisou et esou wichteg ass de Beruffsstand vum Ëmweltberoder z’établéieren an ze förderen.

Dofir presentéiert se am Detail d’Beruffsbild vum Ëmweltberoder an de Profil, deem ee muss gerecht ginn fir de Beruff auszeüben, souwuel hei zu Lëtzebuerg wéi och am europäeschen Ausland. D’EBL huet dofir déi ënnerschiddlech Point de Vue’en an Erfahrungen vu villen Akteuren dokumentéiert. Doriwwer eraus gëtt mat deene wäitverbreeten Viruerteeler opgeraumt mat deenen d’Gemengen beim Schaafe vun engem Emweltservice gäre konfrontéiert sinn.

Doduerch erkennt een, datt en effizienten Emweltservice positiv Synergieeffekter fir d’Gemeng matt sech zéien kann, déi iwwert d’Verbesserung vun der Ëmweltsituatioun hinausginn an der Virbildfunktioun vun der Kommunalpolitik an dësem Kontext gerecht ginn. D’Etude gëtt en ëmfaassenden Iwwerbléck iwwert d’Aufgabeberäicher a verdäitlecht, dat en Emweltservice jee no Situatioun vun der Gemeng matt ganz aneren Erausfuerderungen konfrontéiert kann sinn. De Schwéierpunkt vun den Missiounen kann also variéieren. Se ass virun allem e gudde Guide fir Gemengen, déi bis lo nach keen Emweltservice hunn.

 

Publikatiounsjoer: 2005

Präis fir d’Brochure: Gratis

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL