Mam Klimapakt hu sech d‘Gemengen an de Staat gemeinsam virgeholl,  Klima- an Ëmweltproblemer zesummen unzepaken. Esou besteet zanter 2013 d’Méiglechkeet, de Klimapakt ze ënnerschreiwen an esou e Bündnis tëscht Staat a Gemeng ze schaafe, fir eng nohalteg an ëmweltschounend Energie- a Klimapolitik ze förderen.

Och d‘EBL setzt sech zanter Joere fir eng méi nohalteg Gemengenentwécklung an an ënnerstëtzt d’Gemenge bei hire Projeten. Deemno leit et no, dass och mir eisen Deel zum Gelénge vum Klimapakt bäidroe wëllen. Wéi och mam MECDD ofgemaach, setzt d’EBL sech verstäerkt dofir an, de Klimaschutz an de Gemengen ze promouvéieren an d’Gemengen am Kader vum Klimapakt ze begleeden.

Vill vun eise Projeten, Aktivitéite, Seminairen a Campagne kënnen aktiv vun de Gemenge bei der Ëmsetzung vun hire Klimaziler genotzt ginn. Zeckt net, a kontaktéiert eis fir all weider Froen zu dësem Thema, esou wéi fir Ideeën a Virschléi fir aner Aktivitéiten an dësem Kader.

Méi Informatiounen iwwert de Klimapakt hu mir ob folgendem Link fir Iech zesumme gesicht.

Och beim Klimapakt 2.0 sti mir de Gemengen als Partner zur Säit.

 

 

Katalog “Klimapakt 2.0 – Mir hëllefen iech!”

Dëst Dokument erlaabt et iech eng allgemeng Iwwersiicht vun der EBL-Hëllefsstellung am Kader vum Klimapakt 2.0 ze hunn. En enumeréiert bei wéi enge Mesure mir iech direkt oder indirekt hëllefe kënnen, respektiv zouschaffe kënnen.

Fir déi konkret a praktesch Hëllefstellung sou effizient wéi méiglech ze gestalten, géingen är Besoinen an ons Méiglechkeeten an engem zweete Schrëtt (zesummen an engem Gespréich) identifizéiert ginn, fir datt mir iech sou gutt wéi méiglech zouschaffe kënnen.

Mir hoffen iech soumat bei der Ëmsetzung vun de Klimapaktmesure konkret ënnerstëtzen ze kënnen, a freeën ons op är Ufroen a generell Kontaktopnam.

De Katalog kënnt dir hei eroflueden (PDF)

 

 

Good Practices

An de Gemengen ass, dank dëser Kooperatioun teschend Stad a Gemeng, a punkto Klimaschutz a kuerzer Zäit immens vill geschitt! Elo ass et wichteg, dëst ganzt Wëssen, dat gesammelt gouf an d’Erfarungen déi gemaach goufen ze verbreeden, fir de Fortschrëtt nach e Stéck méi wäit ze bréngen.

Eng vun eisen Aktiounen am Kader vum Klimapakt ass dës “Good Practice Beispiller”-Plattform. Op dëser Säit fannt Dir Beispiller vu Projeten, déi erfollegräich am Kader vum Klimapakt vu Gemengen aus Lëtzebuerg schonn ëmgesat goufen. D’Beispiller an interessant Lecturë sinn op aacht Themefelder opgedeelt. Dës Bibliothéik kann Iech hoffentlech an Äre Klimaschutz-Aktivitéiten inspiréieren:

 

 

Dir hutt een oder e puer konkret Projeten, déi Dir am Kader vum Klimapakt realiséiert hutt, déi gutt funktionéiert hunn an déi Dir mat anere Gemengen deele wëllt?

Kontaktéiert eis!

Zesumme mat Iech iwwerleeë mir eis déi beschte Méiglechkeet, Är erfollegräich Ideeën och bei anere Gemengen ëmzesetzen a Lëtzebuerg a Punkto Nohaltegkeet ee Schratt no vir ze bréngen.