18/07/19

D’Woch Ouni Pestiziden fënnt all Joer statt fir d’Bierger op d’Problematik vun de Pestiziden opmierksam ze maachen. Fir och d’ Kanner op d’Thema Pestiziden a Biodiversitéit ze sensibiliséieren, fir de Schoulen an aneren edukativen Strukturen eng Geleegenheet ze ginn dëst Thema ze erklären, hate mir e kreative Concours zum Thema ‘Biodiversitéit bei eis doheem’ fir d’Kanner am Alter vun der Grondschoul organiséiert.

 

Kuckt iech all déi flott Konschtwierker un, op der FB-Säit vun eiser Campagne ‘Ouni Petiziden’!

 

De Gewënner bei de grousse Kanner ass d’Maison Relais vu Befort. Hier Naturkonscht huet de Jury einfach iwwerzeegt!
De Gewënner bei de klenge Kanner ass d’Maison Relais vu Bech-Maacher. d’pädagogescht Konzept ass super (Photo)!

 

Mir soe Merci un de Gemengen an un de ville Leit, déi matgemaach hunn!