17/04/20

Harespele „stéieren“ eis normalerweis nëmmen an der Mëtt vum Summer, wa mir eng intensiv Aktivitéit an engem Nascht beim – oder am – Haus mierken, oder wa mir op der Terrasse iessen. Dëst Joer sinn awer wéinst de Summertemperaturen ab Mëtt Abrëll vill Harespele scho ganz fréi ze gesinn.

 

 

Elo ass déi perfekt Zäit fir mat Gefill an ouni Schued anzegräifen. Ëmmer méi jonk Kinniginnen vu sozialen Harespelaarte wäerten, an de kommende Wochen, probéieren en Nascht ze bauen an eng Kolonie ze grënnen. An dësem Kontext ass et interessant ze wëssen datt nëmme knapp 10% vun de Vëlker et iwwerhaapt iwwer dëse Stadium eraus packen. Ausserdeem kënnen nëmmen 2 vun de 15 Aarte vu sozialen Harespelen, déi zu Lëtzebuerg präsent sinn, a Konflikt mat de Mënsche kommen (wa se gestéiert sinn).

Allgemeng sinn d‘Harespelen nëtzlech Déieren déi eng wichteg Roll am Gläichgewiicht vun der Natur spillen. Si bestëbsen d‘Blummen, handelen als “Gesondheetspolice” a joen Insekten, wouduerch se natierlech Pestbekämpfungsmëttele sinn. Andeems mir Näschter op onproblematesche Plazen toleréiere, maache mir der Natur, an esou och eis selwer, eng grouss Faveur.

Demno gëllt et, wéi ëmmer wann et ëm Harespele geet: roueg bleiwen an net iwwerreagéieren. Et gi vill Fäll vun onproblemateschem Zesummeliewen tëscht Mënschen an Harespelen, a mam richtege Verhalen besteet wéineg Gefor, och beim Nascht. Ausserdeem sinn d‘Harespelen Déieren déi sech gutt u Leit winnen an upassen – wa si bestëmmt Stëmmen a Gewunnechte kennen, da gi si net méi vun hirer Präsenz gestéiert. Dofir, ausser et liewt eng allergesch Persoun am Haus, sollt d’Nascht toleréiert ginn. Zousätzlech ass déi ongerechtfäerdegt Zerstéierung vun engem Nascht duerch d‘Gesetz fir de Schutz vun der Natur verbueden: Näschter stelle keng direkt Gefor duer, dofir däerfe si net zerstéiert ze ginn.

Wann dir potenziell Problemer am Zesummenhang mat Harespel-Näschter wëllt vermeiden, sollt dir hir Installatioun op ongënschtege Plaze vermeiden. Am Abrëll / Mee, bis Ufank Juni, sinn déi meescht Näschter nach ëmmer am fréien Entwécklungsstadium. Zu dësem Zäitpunkt si se nach empfindlech op Stéierungen a kënne verdriwwe ginn:

  • Reegelméisseg an däischter Plaze (Hangaren, Kanner-Spillhaiser…) nokucken an d’Kinnigin direkt am Ufank vum Bau stéieren (B. e Spléck wou een eng Kinnigin regelméisseg ran a raus fléie gesäit zou maachen, nodeems d’Kinnigin rausgeflunn ass).
  • D’Rolllueden all Dag a Bewegung setzen, besonnesch op Terrassen, Balkonen a bei Schlofkummeren.
  • Op Plazen, déi besonnesch schwéier zougänglech sinn, sou wéi ënner Terrassebrieder, kënnen ätherescht Ueleger als präventiv Moossnam benotzt ginn, wéi zum Beispill Nelken, Eucalyptus, Téibam, Zeder, Zitroun oder Noss.

 

Wann Dir iech net sécher sidd oder wa sech awer en Nascht an Ärem Heem etabléiert huet, kënnen iech d’Harespelberoder, meeschtens Fräiwëlleger, iwwer Telefon hëllefen :

  • dir kënnt eis direkt kontaktéieren (de Gil Kirchen vun der EBL ass am Harespel-Berodungsnetzwierk),
  • oder d’Kontaktdetailer hei ufroen: natur&ëmwelt, är Gemeng, Naturschutzzenteren, Naturparken, biologesche Statiounen.

 

 

Eis Infografik zum Thema Harespelen:

“Lästeg Summergäscht”