Wann een en Nascht mat Harespelen huet, sollen d’Pompjeeën net déi éischt Ulafplaz sinn. Dat huet op där enger Säit mam Naturschutz ze dinn, op där anerer Säit awer och mat der Reform am Rettungswiesen.

Dofir schafft d’EBL ab elo mat natur&ëmwelt zesummen fir d’Leit ze beroden a mat hinnen ze kucken, wéi ee mat den Déiere ka liewen an Näschter just do fortzemaachen, wou et geféierlech ass fir Persounen.

Kontaktéiert de Gil Kirchen fir eng Harespelberodung.

D’Harespelen sinn net sou geféierlech wéi ee menge kéint. Zwar kënne si eis op den Terrasse ploen, mä se hunn och hiren Notze fir d’Natur. Mam richtege Verhalen besteet souguer beim Nascht keng Gefor, dat erkläre mir iech an eiser aktueller Infografik.