08/07/19

2019 ass nees en dréchent Joer an all Argumenter schwätzen fir d’Uséien am Hierscht: Elo ass genau de richtege Moment fir eng schéi Blummewiss unzeséien an dobäi och eng gutt Aktioun fir eis Bestëbser-Insekten an eis Biodiversitéit ze maachen.

Mir stellen iech heemesche Wëllblummewise-Som zu Verfügung:

  • kléng Titercher (2g – gratis), falls är Gemeng d’Bierger uschwätzen an e bësse Promotioun maache wëll,
  • méi grouss Som-Päckelcher (fir 30 m2) – d’Lëscht vun de Verkeefer fannt dir hei;

Fir grouss Flächen unzeséien (z.B. fir Gemengegäertner a grouss Projeten) kënnt dir de Som och direkt beim Produzent kafen.

Weider Informatiounen…