Energiespuere kann een zwar och duerch technesch Léisunge wéi eng gudd Isoléierung um Haus, modern Heizanlagen, LED-Beliichtung, a.s.w., mee e gewëssenen Deel vum Spuerpotenzial entfällt och op daat richteg Verhaale vun de Läit. Ween d’Luut mi oft ausmescht oder d’Heizung ëm 2 Grad eroofdréint spuert Stroum oder Wäermenergie. Mee et gëtt am Büro oder am eegenen Haus vill “heemlech Stroumfréisser”, déi een als éischt fanne muss.

 

 

Mat dësem Gerät kann ee ganz einfach erausfanne, wou ee nach Stroum spuere kann a wou net! Andeems een d’Gerät einfach tëscht de Stecker an d’Steckdous plazéiert, gesäit ee wou wéivill Stroum fléißt. Sou fënnt een zum Beispill Stereoanlagen am Standby, Handyopladegeräter oder en ale Frigo, dee nach ganz vill Stroum brauch.

Dësen Apparat kann bei der EBL ausgeléint ginn.

 

Den eemoleg ze verriichtende Präis fir d’Lounen vum Stroummiessapparat beleeft sech ob:

  • Gratis fir Memberen
  • 20 Euro fir Net-Memberen

Ufro - Material lounen

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL