Abonnenten ginn

Wann Dir vun de Servicer vun der EBL profitéieren oder eise Veräin einfach ënnerstetze wëllt, da sidd Dir hei richteg.

Abonnenten
Gemengen, Syndikater, Organisatiounen, Entreprisen an Institutioune kënnen sech bei der EBL -  Emweltberodung Lëtzebuerg a.s.b.l. abonéieren.
Member
Ëmwelt-, Naturschutz-, Offall-, Energie- oder Klimaberoder a Privatpersounen, déi un Ëmweltthemen interesséiert sinn, kënne Member bei der EBL ginn.
Als Member huet ee bei der Assemblée Générale ee Stëmmrecht. D’Statute vum Veräin, an deenen e.a. och d’Cotisatiounsbäiträg an d’Stëmmrechter op der Generalversammlung definéiert sinn, fannt Dir ënner Statuten 2019.

Mat enger Memberschaft oder engem Abonnement ënnerstetzt Dir net just d’Aarbecht vun der EBL, mee Dir weist och ären allgemengen Interessi um kommunalen Ëmweltschutz zu Lëtzebuerg an drot dozou bäi, dass d’Stëmm vun allen Ëmweltinteresséierte méi haart gëtt.

Hei ënnen drënner fannt Dir déi zwee Aschreiweformulaire fir d'Memberschaft, resp. d'Abonnement bei der EBL.

Äer Viirdeeler als Abonnent a Member

  • Informatiounen iwwer Seminaire, Workshops a weider Évènementer
  • Reduktiounen op allen EBL-Seminairen a Konferenzen
  • Reduktioune beim Kaf vu Publikatiounen
  • Gratis Infomaterial a regelméissegen Ofstänn
  • Gratis Basisrecherch vun Ëmweltinformatiounen
  • Vermëttlung vu kompetenten Experten
  • a villes méi...

Jores-Cotisatioune fir Abonnenten

Gemengen 500 € (+0,30 € / Awunner)
Entreprisen & Institutiounen 500 € (+1€ / Mataarbechter)
Syndikater 500 € (just als Syndikat)

Jores-Cotisatioune fir Member

Ëmwelt-, Naturschutz-, Offall-, Energie- oder Klimaberoder a Privatpersounen 50 €
De maximal Betrag vun der Cotisatioun ass jeeweils op 3.500€ plafonnéiert.
ABONNENT GINN
PRIVATMEMBER GINN

Abonnent ginn

Privatmember ginn