EBL - Generalversammlung / Assemblée générale

26/03/2020 – Vu 18:00 bis 19:30 Auer (& uschléissend Iesse fir déi, déi wëllen)

Zu Mäerzeg am Gemengenhaus ¦ 22, rue Principale ¦ L-9168 Mertzig
Restaurant: “Beim Abruzzebier” (21, rue d’Arlon – 9155 Grosbous)

 

Léif EBL-Memberen,

Mir wëllen iech offiziell fir eis Generalversammlung 2020 – den Donneschten, 26. Mäerz – alueden & géifen Iech bieden, iech w.e.g. op dëser Säit un- oder ofzemellen!

Déi, déi leider net kënnen dobäi sinn, géife mir bieden hiert Stëmmrecht un eng drëtt Persoun ofzeginn, mat Hëllef vun der Vollmuechtdeklaratioun. Dëst ass wichteg, fir d’Beschlossfäegkeet vun der AG. Opgepasst, dës drëtt Persoun muss och Privat-Member bei der EBL sinn a sëlwer ee Stëmmrecht hunn. Wann Dir keng Preferenz hutt, emfeele mir iech, d’Stëmmrecht un eng Persoun aus eisem Comité ofzeginn.

Mir hoffen, iech de 26. Mäerz zu Mäerzeg begréissen ze dierfen a freeën eis op e flotten Owend!

Mat beschte Gréiss,
Äert EBL – Team an de ganze Comité

 

 

Ordre du jour

  • Begréissung an Usprooch vum President
  • Feststelle vun der Beschlossfäegkeet
  • Tätegkeetsbericht 2019
  • Finanzbericht 2019
  • Bericht vun de Caisserevisoren
  • Présentatioun vum Budget 2020
  • Neiwahl an eventuell Erweiderung vum Comité
  • Ausbléck op 2020
  • Divers

 

ASCHREIWUNG

MERCI !
Votre inscription à bien été prise en compte.