News

TOP-Thema “Klimapakt”

De Schutz vun eisem Klima ass näischt neies. Dat globaalt Ophëtze vun eisem Planéit ass scho säit Joren e Begrëff an och hei am Land goufen an der Vergaangenheet schonn eng jett Moossnahmen duerchgefouert, déi awer scho längst z.B. duerch de Climate Policy Tracker-Bericht als onzoureichend agestuuft goufen. Aus dësem Grond huet de Staat reagéiert an de sougenannte Klimapakt gestëmmt, deen de Gemengen uechtert Land nei Perspektiven a Saache Klimaschutz erméiglecht.

Mee wat genau bedeit de Klimapakt? Wéieng Méiglechkeeten ergi sech fir eng Gemeng? Wéi gesäit di technesch Ëmsetzung aus a ween ass fir wat responsabel? Wat stécht hannert Begrëffer wéi European Energy Award, Enercoach oder Klimaberoder?

Alles wat een iwwer de Klimapakt wësse muss fënnt een an der September-Ausgab vum TOP-Thema (inkl. Download als pdf) ënner folgendem Link: TOP-Thema