Publikatiounen

energie-an-emweltthemen-fir-bierger-_-emweltberodung-letzebuerg_bildEnergie- an Emwëlttheme fir de Bierger!

Dem Bierger Energie- an Emwëlttheme méi no bréngen! Dëst kënnt Dir ab elo maache mat eisem neie Projet, deen Iech souwuel Kommunikatiounsmaterial, wéi och praktesch Aktivitéiten liwwert.
  • 12 Infographiken
  • Tipps an Iddien fir déi sozial Medien
  • 1 Aktivitéit / Mount
  • Gratis fir EBL-Membergemengen

Hei fannt Dir Dokument mat weideren Informatiounen iwwert dëse Projet

Dir wëllt um Projet deelhuelen? Da kontaktéiert eis!

Infographiken

 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 
 

Präis fir d’Dokument: gratis fir Member-Gemengen
fir net Member 500 Euro


 

Ech Kafe Clever_Infographik_pngInfographik vun der Campagne “Ech Kafe Clever”

Notzt elo gratis den Infographik vun der Campagne “Ech Kafe Clever” an informéiert an Ärer Gemeng iwwert gesondheetlech onbedenklecht an ëmweltfrëndlecht Schoulmaterial!
Dëst Thema riicht sech net nëmmen un Schüler a Léierpersonal, och Elteren a Grousseltere ginn héi appelléiert. Well wat vill Leit net wëssen: Fir Schoulmaterial gëtt et, aneschters ewéi beispillsweis bei Spillsaachen, keng spezifesch Critèren déi geféierlech Inhaltstoffer ausschléissen. Duerch de regelméissegen Hautkontakt (beim Schreiwen), duerch Inhaléieren (Beispillsweis vum Pech) oder iwwert Opnam iwwert d’Schläimhaut (beim Knabberen um Bic) ginn esou geféierlech Stoffer awer schnell vum Kierper opgeholl an dëst kann zu verschiddenen Erkrankunge féieren. Och Ëmweltcritèrë komme bei esou Produiten oft ze kuerz.

Deemno ass et wichteg, dëse Message un déi concernéiert Leit weider ze reechen. Informéiert Är Bierger a schützt Är Kanner an der Gemeng viru geféierlechen Inhaltstoffer.

Méi Informatiounen iwwert d’Campagne fannt Dir ob folgender Internetsäit:
www.ech-kafe-clever.lu

Präis fir d’Dokument: gratis


 

Bild_Merkbaltt n1 (Gemeinden)Flächenenerhalt “Ouni Pestiziden”

Säit dem 1. Januar 2016 ass et zu Lëtzebuerg per Gesetz verbueden sou genannte Planzeschutzmëttel fir den ënnerhalt vun ëffentleche Flächen anzesetzen.

Fir d’Gemenge bei dëser Ëmstellung ze ënnerstëtzen huet d’Campagne “Ouni Pestiziden” een Dokument ausgeschafft, dat theoretesch Usätz a praktesch Beispiller opweist. Dëst éischt Dokument zum Thema “befestegt Stroossen, Weeër a Plazen” ass eng éischt Ausgab a soll sech an eng Rei vun esou spezifeschen Dokumenter areien.

Dokument steet gratis an digitaler Form zur Verfügung.
Bei Umierkungen, Froen oder Virschléi kennt Dir Iech gäre bei ons mellen.

Weider Informatiounen zu dësem Thema… 

Präis fir d’Dokument: gratis


 

Bild_ Dokument Vogelfalle Glasfläche (mit Rand)Villerchersfal Glasfläch – Villerchersfrëndlech Ëmgestaltung vu Risikoflächen

Schätzungen no stierwen alldeeglech europawäit ronn 240.000 Villercher un de Suittë vun enger Collisioun mat enger Glasfläch. Dëse Problem gëtt leider oft ënnerschat, well d’Affer meeschtens relativ schnell vun Déieren (Kaze, Mardere, Kueben,…) oder Mënsche vun der betraffener Platz ewechgeholl ginn.

Fir d’Gemengen ob dës Thematik opmierksam ze maachen an déi éischt Schrëtt zu enger villerchersfrëndlecher Raumgestaltung ze vereinfachen, huet d’EBL een Dokument ausgeschafft, dat gratis genotzt ka ginn.

Hei fannt Dir spezifesch Informatiounen a Rekommandatioune wann et dorëms geet, wéi ee mat problematesche Glasflächen ëmgoe kann. Eng Lëscht mat lëtzebuergeschen Entreprisen, déi Iech bei der Ëmsetzung hëllefen an ee Fallbeispill aus der Gemeng Déifferdeng suerge fir de néidege Praxisbezuch.

Präis fir d’Dokument: gratis


Klimapakt_Brochure_BildAarbechtsdokument mat villen Ideeë fir de Klimapakt!

Fir d’Gemengen beim Klimapakt ze ënnerstëtzen, huet d’EBL een Dokument ausgeschafft, dat een Iwwerbléck iwwert ons Aktivitéiten am Beräich Ëmwelt- a Klimaschutz gëtt. Hei kennt Dir Iech inspiréieren an ons gäre bei Interessi uschreiwen. Mir hëllefen Iech gären Äer Gemeng nach méi nohalteg ze gestalten, och am Kader vum Klimapakt.

DOKUMENT ALS PDF-VERSIOUN EROFLUEDEN

Méi Informatiounen iwwert de Klimapakt 

Präis fir d’Dokument: gratis

 


GuidesLeitfäden zum nohaltegen Akaf

Beim Akaf vu Pabeier, Botz-& Hygieneproduit’en, Bürosgeräter a Beliichtungstechnik spillt di ëffentlech Hand eng wichteg Virreiderroll, woubäi besonnesch d’Symbolkraaft déi eng Gemeng an dem Kontext fir de Grand Public nobausse spille kann, net vernoléissegt sollt ginn.

An dem Kontext hunn d’EBL an hier Partner 4 praktesch Guides pratiques ausgeschafft, an deenen Checklëschten, Kriterien, an Dokumentatiounen ausféierlech an no verschiddenen Theme sortéiert opgelëscht sinn.

Och wann dëse Guide an éischter Hisicht fir Gemengen ausgeschafft gouf, fir hinnen eng Hëllefstellung bei der ëffentlecher Beschaafungspolitik ze ginn, sou kann dës Dokumentatioun och vun aneren Organisatiounen, ëffentleche Verwaltungen, Firmen a Bildungsinstitutionen, déi verstäerkt ob een nohaltegen Akaf setzen wëllen, benotzt ginn.

Dës Guides pratiques goufen ënnert der Fiederféierung vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a mat hire Partner vun der SuperDrecksKëscht, iGLux, Fairtrade Lëtzebuerg, Prosud, natur&ëmwelt, Greenpeace, dem Ministère du Developmenet Durable et des Infrastructures an dem Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, zesummen opgestallt.

Präis fir des 4 Guiden: gratis (Memberen) ¦ 20 € (Net-Memberen)


sans pestiAusstellung “ouni Pestiziden”

Am Kader vun der Kampagne “ouni Pestiziden” gouf vun der EBL an Zesummenaarbecht matt deenen anere Partner eng grouß Ausstellung zum Thema Pestiziden ausgeschafft. D’Ausstellung riicht sech an der Haaptsaach un de grand public, soll awer och Gemengenugestallten oder di politesch Responsabel sensibiliséieren, op d’Gefore vu Pestiziden an Alternativen dozou hiweisen.

D’Ausstellung ass op zwee Deeler opgebaut. Deen éischten Deel ass deen Allgemengen, wou erklärt gëtt wat Pestizide sinn, wou se agesaat ginn a vu weem a wisou se eng Gefor fir d’Ëmwelt an eis Gesondheet duerstellen. Außerdem gett gewise, wéieng Gemenge schon Effort’en a Richtung pestizidfräit Schaffe gemaach hunn. Deen zweeten Deel geet da méi spezifesch drop an, wou am ëffentleche Raum Pestiziden agesaat ginn a virun allem, waat et un Aletrnativen a “Best Practices” gëtt, fir et anescht ze maachen!

D’Ausstellung ass op Roll-ups verfügbar, déi bei der EBL gratis ausgeléint kënne ginn, fir en Event z.B. Et besteet awer och d’Méiglechkeet d’Ausstellung am PDF-Format ze kréien an se da selwer auszedrucken. Momentan ass d’Ausstellung just op Däitsch verfügbar. A noër Zukunft wäert se awer och op Franséisch an op Portugiesesch (béid als PDF) ze kréie sinn.

Präis fir d’Ausléinen: gratis


KompetenzBrochure Kompetenz vor Ort iwwer d’Beruffsbild “Ëmweltberoder”

D’Etude „Kompetenz vor Ort“ liwert eng detailléiert Bestandsopnam zur aktueller Fonktioun vun der Ëmweltberodung an gëtt en Abléck doran wisou et esou wichteg ass de Beruffsstand vum Ëmweltberoder z’établéieren an ze förderen.

Dofir presentéiert se am Detail d’Beruffsbild vum Ëmweltberoder an de Profil, deem ee muss gerecht ginn fir de Beruff auszeüben, souwuel hei zu Lëtzebuerg wéi och am europäeschen Ausland. D’EBL huet dofir déi ënnerschiddlech Point de Vue’en an Erfahrungen vu villen Akteuren dokumentéiert. Doriwwer eraus gëtt mat deene wäitverbreeten Viruerteeler opgeraumt mat deenen d’Gemengen beim Schaafe vun engem Emweltservice gäre konfrontéiert sinn.

Doduerch erkennt een, datt en effizienten Emweltservice positiv Synergieeffekter fir d’Gemeng matt sech zéien kann, déi iwwert d’Verbesserung vun der Ëmweltsituatioun hinausginn an der Virbildfunktioun vun der Kommunalpolitik an dësem Kontext gerecht ginn. D’Etude gëtt en ëmfaassenden Iwwerbléck iwwert d’Aufgabeberäicher a verdäitlecht, dat en Emweltservice jee no Situatioun vun der Gemeng matt ganz aneren Erausfuerderungen konfrontéiert kann sinn. De Schwéierpunkt vun den Missiounen kann also variéieren. Se ass virun allem e gudde Guide fir Gemengen, déi bis lo nach keen Emweltservice hunn.

Präis fir d’Brochure: gratis


UmweltschutzLeitfaden fir den Ëmweltschutz op Gemengeniveau

An dësem Handbuch fir de kommunalen Ëmweltschutz ginn eng ganz Panoplie vun prakteschen Ideen opgelëscht déi an der Praxis mat Erfolleg ëmgesat goufen. Sougenannten Checklëschten erlaben et all Gemeng systematesch hier Potentialer a Saachen Emweltschutz opweisen ze loossen oder auszebauen.

Thematiséiert ginn an der Brochure 6 Beräicher matt „Best-Practice“ Beispiller zu den Themen Offäll, Energie, Waasser, Stad- a Gemengenentwécklung, Verkéier an ëffentlecht Beschafungswiesen.

D’Gemengen sollen dozou motivéiert ginn Projeten, déi sech schonn op aneren Plazen bewisen hunn, selwer ëmzesetzen. All Gemeng gëtt an dem Kontext opgeruff fir hir Projeten op hir Nohaltegkeet hin z’iwwerpréiwen. Dëse Leetfaden ass amgaang aktualiséiert ze ginn.

Präis fir dëse Leitfaden: gratis (Memberen) ¦ 50 € (Net-Memberen)


KniggeAusstellung “Bësch a Buedem”

Dëss Ausstellung ass perfekt gëeegent fir Kanner aus dem Fondamental a soll hinnen di zwee Themen Buedem a Bësch mi no bréngen. D’Ausstellung kann op engem Support aus Stoff bei der EBL ausgeléint ginn oder awer an digitaler Form op 2 CD’e kaaf ginn. Béid CD’e goufe spezifesch un de Léierstoff vun den Primärschoulen zougeschnidden. Daat ganzt Material ka fräi geprint, multiplizéiert, vergréissert an opgehaangen, awer nët un Drëtt weidergereecht ginn. Och d’Kopéiere vun den CD’en ass nët erlaabt.

Enthale si nierwt theoreteschen Hannergrondinformatiounen an didakteschem Material och Léierhëllefen, Affichen a Biller, Tipps fir Ausflich, Literaturangaben an en Inventar fir eng Buedem- a Bësch-Valise opzestellen. Op Nofro hi kann d’EBL och matt engem ergänzenden Atelier flott Experimenter matt de Kanner maachen. De Präis fir esou en Atelier gëtt individuell, je no Zeit- a Materialopwand festgeluet.

Präis fir d’Ausléinen: gratis (Memberen) ¦ 20 € (Net-Memberen)

Präis fir di 2 CD’en: gratis (Memberen) ¦ 30 € (Net-Memberen)


usbUSB-Stick matt Commodo-Incommodo-Formulairen classe 2

EBL huet spezifesch fir Gemengen standardiséiert an vereinfacht Formulairen zu den Commodo-Incommodo Classe 2 Genehmegungsprozeduren ausgeschafft. Mat dësen eenheetlechen Formulairen, déi digital wei och a geduckter Versioun vum Demandeur ausgefëllt kennen ginn, bidd sech heimat der Gemeng eng vereinfacht Traitement vun solchen Dossieren un.

Zousätzlech kann sech mat der EBL zu all Moment a Verbindung gesat ginn, vir Rotschléi oder Erfahrungen aus aneren Gemengen zu dëser Thematik matgedeelt ze kréien. Onentschlossener kennen e gratis Exemplaire bei der EBL ufroën. Verfügbar si folgend Formulairen: animaux, atelier-garage, atelier-charpentier, boucheries, boulangeries, cosmétiques, foraines, marbres, ménageries, poissonneries, restaurants, salles an torréfaction

Präis fir den USB-Stick matt 13 Formulairen: 100 € (Memberen) ¦ 250 € (Net-Memberen)


LitterWéi een d’Thema “Littering” an der Schoul thematiséiere kann

D’Thema Offall, resp. Littering als Deel dovunner bitt den interesséierten Enseignant’e vill Méiglechkeeten ze ënnerriichten. Et kann een Theme wéi Verpakungsmaterial an Offallvermeidung behandelen, op Recycling an den Triage agoën oder awer och dat eegent Konsumverhalen uschwätzen an esou den allgemenge Nohaltegkeetsaspekt promouvéieren.

Et ass en Thema dat am direkten Ëmfeld vun de Kanner traitéiert ka ginn. Och am Klassesall entsteet am Laf vum Dag vill Knascht, deen zum Deel mol net ze vermeiden ass. Besonnesch vill Dreck flitt och während oder no de Pausen an d’Poubellen an leider oft net an déi richteg. Et geet also drëm, de Kanner bewosst ze maachen, wéi ee mam Knascht ëmgoë soll an dass ee näischt einfach esou op de Buedem soll geheien.

Dësen Dossier gouf vun der EBL ausgeschafft a vum Ëmweltdépartement vum Nohaltegkeetsministère am Kader vun hierer Sensibiliséierungskampagne kéint den Offall finanzéiert.

Präis fir d’Brochure: gratis


Ufro fir Publikatiounen

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.