Schätzungen no stierwen alldeeglech europawäit ronn 240.000 Villercher un de Suittë vun enger Collisioun mat enger Glasfläch. Dëse Problem gëtt leider oft ënnerschat, well d’Affer meeschtens relativ schnell vun Déieren (Kaze, Mardere, Kueben,…) oder Mënsche vun der betraffener Platz ewechgeholl ginn.

Fir d’Gemengen ob dës Thematik opmierksam ze maachen an déi éischt Schrëtt zu enger villerchersfrëndlecher Raumgestaltung ze vereinfachen, huet d’EBL een Dokument ausgeschafft, dat gratis genotzt ka ginn.

Hei fannt Dir spezifesch Informatiounen a Rekommandatioune wann et dorëms geet, wéi ee mat problematesche Glasflächen ëmgoe kann. Eng Lëscht mat lëtzebuergeschen Entreprisen, déi Iech bei der Ëmsetzung hëllefen an ee Fallbeispill aus der Gemeng Déifferdeng suerge fir de néidege Praxisbezuch.

 

Präis fir d’Dokument: Gratis

Dokument eroflueden (PDF)

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL