An dësem Handbuch fir de kommunalen Ëmweltschutz ginn eng ganz Panoplie vun prakteschen Ideen opgelëscht déi an der Praxis mat Erfolleg ëmgesat goufen. Sougenannten Checklëschten erlaben et all Gemeng systematesch hier Potentialer a Saachen Emweltschutz opweisen ze loossen oder auszebauen.

Thematiséiert ginn an der Brochure 6 Beräicher matt „Best-Practice“ Beispiller zu den Themen:
Offäll, Energie, Waasser, Stad- a Gemengenentwécklung, Verkéier an ëffentlecht Beschafungswiesen.

D’Gemengen sollen dozou motivéiert ginn Projeten, déi sech schonn op aneren Plazen bewisen hunn, selwer ëmzesetzen. All Gemeng gëtt an dem Kontext opgeruff fir hir Projeten op hir Nohaltegkeet hin z’iwwerpréiwen. Dëse Leetfaden ass amgaang aktualiséiert ze ginn.

 

Präis fir dëse Leitfaden:

– Gratis (Memberen)

– 50 € (Net-Memberen)

 

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL