Offiziell Internetsäit: https://www.transforma.lu/

 

Transforma unterstützt kreative Menschen, Schulen, Hobbybasteler, Makers usw. Gegenstände eigenständig nachhaltiger zu gestalten und zu erdenken.

Ressourcenschutz, “No Waste”, Reparierbarkeit, Wiederverwertung und Mehrfachnutzung sind Hauptziele unserer Initiative.

 

Transforma Bild Schachtel.png

 

Transforma – Historique:     

      

Bei der éischter Editioun vum Transforma-Projet goung et em eng Challenge fir Schüler, Makerspacen, Gruppen, eenzel Persounen, u.s.w. mat folgendem Ziel:

 

Erschaffe vun enger Schachtel…

… déi sech an een aneren nëtzlechen Objet verwandele léisst.

… wou sech futti Deeler einfach austausche loossen.

… déi sech verschiddene Bedürfnisser upasst.

… no dem Prinzip vun der Circular Economy

 

Eise Projet Transforma ass am Kader vum Circular Economy Wettbewerb 2017 “ Yes we care“ vun der Oeuvre Grand-duchesse Charlotte an dem Nohaltegkeetsrot als Laureat ausgezeechent ginn.

Nom Ofschloss vun der éischter Editioun ass et awer nach laang net eriwwer. De Projet soll och nach an den nächste Joren ënnert ganz verschiddene Forme weider bestoen. Interessant Pisten a Kooperatioune si schonn an der Entwécklung.
Wann dir Iddien hutt an iech bei dëser Thematik abrénge wëllt, dann zéckt net eis ze kontaktéieren.

Ënnerstëtzt gëtt de Projet weider vun: SuperDrecksKescht, BeeCreative, Script.

 

 

 

Interview um Radio 100,7 (12/08/20):

 

Transforma & Mini-Entreprise 3D2C

D’Schoulklass 2TP3D aus dem Lycée des Arts et Métiers huet am Kader vun hirer Mini-Entreprise 3D2C éischt Prototype vu Miwwel erausbruecht. An engem Pop-Up Store vun de Jonken Entrepreneuren, 38 Rue Philippe II an der Stad, sinn d’Miwwel ausgestallt. Dës wäerten an Zukunft och op Lëtzshop ugebuede ginn. Ugestouss duerch de Projet Transforma vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg, ass e flotte Projet mat dem Thema Kreeslafwirtschaft entwéckelt an ënner Zësummenarbecht mat dem  SIVEC (Syndicat Intercommunal à Vocation Ecologique), dem  Lycée des Arts et Métiers an der Menuiserie Modulor realiséiert ginn.

Méi op transforma.lu an um Sitte vun 3D2C.

 

Exposition Projet SEE 2021