Campagne “Ouni Pestiziden”
Offizielle Site vun der Campagne: www.ounipestiziden.lu
Wat mécht d’Campagne “ouni Pestiziden”?
D’Campagne “ouni Pestiziden” gëtt vun enger ganzer Rei lëtzebuerger Partner ënnerstëtzt, déi am Ëmweltberäich täteg sinn a soll d’Ëffentlechkeet iwwer déi schiedlech Auswierkunge vu Pestiziden op Natur an Ëmwelt an op d’Gesondheet vun de Menschen opmierksam maachen an alternativ Fleegemethode fir ëffentlech a privat Flächen opweisen. D’Haaptzil vun der Campagne besteet doranner, déi bestehend Siichtweisen, onrealistesch Idealer an di agebiergert Aarbechtsmethoden a Bezug op Pestiziden ze veränneren. Et soll a Richtung vu méi Biodiversitéit ouni den Asaatz vu chemesche Mëttelen, souwuel op kommunalem wéi op privatem Niveau goën.
D’EBL ass de Koordinator vun der Campagne.
Interview um Radio 100,7 – E schéine Gaart ouni Pestiziden (02/09/20):
Um offiziellen Internetsite vun der Campagne fannt dir weider Informatiounen iwwert d’Campagne, esou wei ganz vill Info-Material, Good-Practice-Beispiller, Uleedungen a villes méi…
Partner vun der Campagne “Ouni Pestiziden”: