Beim Akaf vu Pabeier, Botz-& Hygieneproduit’en, Bürosgeräter a Beliichtungstechnik spillt di ëffentlech Hand eng wichteg Virreiderroll, woubäi besonnesch d’Symbolkraaft déi eng Gemeng an dem Kontext fir de Grand Public nobausse spille kann, net vernoléissegt sollt ginn.

An dem Kontext hunn d’EBL an hier Partner an de Joeren 2009 / 2010 véier praktesch Guides pratiques ausgeschafft, an deenen Checklëschten, Kriterien, an Dokumentatiounen ausféierlech an no verschiddenen Theme sortéiert opgelëscht sinn.

Och wann dëse Guide an éischter Hisicht fir Gemengen ausgeschafft gouf, fir hinnen eng Hëllefstellung bei der ëffentlecher Beschaafungspolitik ze ginn, sou kann dës Dokumentatioun och vun aneren Organisatiounen, ëffentleche Verwaltungen, Firmen a Bildungsinstitutionen, déi verstäerkt ob een nohaltegen Akaf setzen wëllen, benotzt ginn.

 

 

Dës Guides pratiques goufen ënnert der Fiederféierung vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg a mat hire Partner vun der SuperDrecksKëscht, iGLux, Fairtrade Lëtzebuerg, Prosud, natur&ëmwelt, Greenpeace, dem Ministère du Developmenet Durable et des Infrastructures an dem Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, zesummen opgestallt.

Offizielle Flyer zu dëse Guides pratiques : Akaf Plus