Den Energieclip “Schalt ëm”, zesumme matt der Reportage déi dozougehéiert, gouf am Joer 2013 vun der Feierblumm a.s.b.l. produzéiert am Optrag a matt der aktiver Zesummenaarbescht vun der EBL. Finanzéiert gouf de Projet vum Ëmweltdépartement vum Nohaltegkeetsministère.

De Clip soll daat energiebewosst handelen promovéieren a weist op, dass jidderee matt sengem Verhalen zum Energiespuere bäidroë kann. Et ass demno e Sensibiliséierungsclip, deen zu verschiddenen Zwecker kann agesaat ginn.

D’Reportage, déi parallel dozou entstaan ass, geet méi déif an d’Matière eran a probéiert unhand vun Interview’e matt verschiddene Lait aus dem Milieu dem Begrëff Energie op de Grond ze goën an ze verdäitlechen, waat Energiespueren eigentlech heescht.

D’Interview’e goufe vun zwee Schüler aus dem Mierscher Lycée Ermesinde gemaach. E grouße Merci un si an un di aner Schüler, déi hannert der Kamera esou fléißeg um Clip an der Reportage mattgeschafft hunn.