Schwätz mat!

Projeten

Energie [light]

LogoEnergiespueren ass och eng Saach vun der Astellung

De Projet Energie [light] gouf fir d’éischt 2009 vun der EBL an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg, an Zesummenaarbecht matt der Energieagentur NRW an dem Här Hubert Grobecker vum e&u Energiebüro duerchgefouert an opgrond vum groußen Erfolleg an an deenen zwee nächste Jore widderholl.

Nierwt ville Gemenge gouf dës Aktioun ë.a. och am Busservice vun der Stad, enger Crèche zu Esch/Uelzecht a bei der SuperDrecksKëscht zu Colmar-Bierg duerchgefouert. D’Haaptzil vum Projet Energie [light] besteet doranner, d’Leit opzeklären an zum bewossten Energiespueren duerch réng Verhalensännerung unzereegen. Lass goung et matt enger Optaktveranstaltung de ganzen Dag iwwer, an där den Här Grobecker souwuel déi theoretesch Grondlagen zum Projet an energierelevanten Aspekter vermëttelt, wéi och Rondgäng duerch d’Büro’e gemaach huet, fir ganz konkret “Stroumfréisser” ze fannen.

Duerno koum dann eng Referenzwoch, an där de Stroumverbrauch iwwer eng Woch an deem Gebai gemooss gouf, dat bei der Aktioun matmaache sollt. No der Referenzwoch koum dann d’Aktiounswoch (am Zäitraum Oktober/November) an där d’Mataarbechter duerch gezielt Informatiounen dozou motivéiert goufen, hiert alldeeglecht Verhalen op der Aarbechtsplaatz ze iwwerdenken a wa méiglech positiv ze veränneren.

D’Kärelement vun der Aktiounswoch waren dobäi d’Bürosrondgäng vum Energiebeoptragten (eng responsabel Persoun aus der Gemeng oder der Organisatioun, déi sech bereet erklärt huet, beim Projet matzemaachen). Hier Aufgab war et, unhand vu Gespréicher matt en Aarbechtskollegen a matt Hëlleft vu klengen Tipps, Stroummiessungen, Plakater oder Stickeren en energiespuerend Notzerverhalen ze vermëttelen. Ergänzend dozou gouf en Energiequiz an eng flott Ausstellung zum Thema vun der EBL zur Verfügung gestallt.

Am grouße Ganze gouf d’Aktioun ëmmer ganz positiv vun de Mataarbeschter opgeholl. Di meescht waren duerchaus bereet, hiert Verhalen ze iwwerdenken, nodeems se di néideg Tipps kritt hunn. Doriwwer eraus konnten si Stroummiessgeräter ausléine, fir och doheem no heemleche Stroumfréisser, wéi z.B. Stereosanlagen an Televisiounen am Standby-Modus, oder Chargeure vun Handy’en ze sichen. Zum Schluss vun der Aktiounswoch gouf de Stroumverbrauch nach emol gemooss an an engem groußen Ofschlossworkshop matt der Referenzwoch verglach. Zesumme matt alle Participant’en goufen d’Aktioun an d’Resultater nach emol ausgewäert an analyséiert.

Insgesamt goufen esou all Kéiers tëscht 4% a 15% Stroum an de Gebaier déi matgemaach hunn alleng duerch Verhalensännerung agespuert!

Déi Resultater stëmmen dach awer ganz positiv: Praktesch all d’Servicer a Gebaier konnten Aspuerungen azilen. An der Moyenne vun alle Participant’e goufe ronn 8,2% Stroum agespuert! Elo gëllt et awer, déi positiv Erfahrunge weiderzeféieren an auszebauen an esou d’Reduktioun vum Energiebedarf dauerhaft ze verankeren. Déi vun de Mataarbechter eragereechten Ideeën zu weideren Energiespuermesuren hëllefen, de Projet weiderzedreiwen an unzepassen.

De Projet Energie [light] soll demnächst ugepasst ginn, sou dass en an enger méi kompakter Form de Gemengen oder Organisatioune weider kann zur Verfügung gestallt ginn. Wann een dorunner interesséiert ass, Energie [light] duerchzeféieren, da kann een sech gär bei der EBL mëllen!

z