Schwätz mat!

Projeten

Energie [light] reloaded

eLight_finalDen Erfollegsprojet Energie [light] vun der Emweltberodung Lëtzebuerg (EBL) an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg (KB Lëtz) ass zeréck! Säit der leschter Editioun am Joer 2011 huet sech vill gedoen, mee och haut nach spillt den Ëmgang mat der Energie eng Schlësselroll an der nohalteger Entwécklung, virun allem am Klimaschutz.

Duerch de Klimapakt hu sech fir d’Gemenge nei Perspektiven a Méiglechkeeten erginn. Ee vun deene wichtegste Faktore bleift awer weiderhin vernoléissegt:

          De Mënsch a säi Verhalen als Energienotzer!

Genau ëm dëse Volet dréit et sech beim Energie [light] reloaded. Bei deene leschten Editioune gouf scho bewisen, dass eleng duerch e verännert Notzerverhale bis zu 15% Energie agespuert kënne ginn. Mam Energie [light] reloaded géife mir de Gemenge net just eng Hëllefsstellung beim Energiespueren duerch en optiméiert Notzerverhale bidden, mee och e permanente Prozess zur Sensibiliséierung a Saachen Energiespueren op kommunalem Niveau ustoussen.

Dëst bréngt Iech als Gemeng e reale Gewënn a Saache Klimaschutz an erhéicht Äre Klimapakt-Punktekonto.

Haapt-Zilgrupp vum Energie [light] reloaded ass natierlech d’Gemengepersonal an all d’Notzer vun de Gemengegebaier. De Projet geet dës Kéier net just iwwer eng Woch, mee gëtt ee Joer laang vun der EBL an dem KB Lëtz begleet, fir regelméisseg op d’Thema Energiespueren opmierksam ze maachen. Duerno kann a soll de Projet vun der Gemeng an Eegeregie weidergefouert ginn. Méiglechst all d’Verbräich (Stroum, Wäermt, Waasser, Bensin/Gaz) aus méiglechst ville, regelméisseg genotzte Gebaier sollen dës Kéier erfaasst an analyséiert ginn.

Doriwwer eraus gëtt de Projet mat regelméissegen Echangen a spezifesche Seminairen Ureegungen an Tipps zu klengen technesche Moossnamen, wéi zum Beispill d’Optimiséierung vun de Betribszäiten an den Temperaturniveauen, zum hydrauleschen Ausgläich, zur Effizienz vun Ëmwelzpompelen, zum Asaz vun efficace Liichtmëttel oder zu waasserspuerenden Armaturen, asw.

An enger gemeinsamer Optaktveranstaltung ginn déi vun der Gemeng désignéiert Projetsresponsabel forméiert, fir de Projet och erfollegräich an der Gemeng ëmsetzen ze kënnen. Während dem Projet bidden d’EBL an de KB Lëtz eng regelméisseg fachlech Ënnerstëtzung, souwéi eng ganz Rëtsch un Hëllefsmëttel an Infomaterial un. An enger Ofschlossveranstaltung ginn d’Resultater dann zesummegedroen, analyséiert an ev. verglach, Erfahrungen ausgetosch an Tipps geliwwert zum eegestännege Weidermaache iwwer déi nächst Joren.

Maacht mat beim Projet Energie [light] reloaded!!

D’Zuel un deelhuelende Gemengen ass op 10 limitéiert (EBL an/oder KB Lëtz Gemengen hu Virrang).

Fir EBL an/oder KB Lëtz-Gemengen ass de Projet GRATIS!

Präis fir Net-Memberen: 1.500€ (falls nach fräi Plazen do sinn)

 

Konditioune fir matzemaachen:

  • D’Gemeng muss min. 1 Projetsresponsabelen (max. 4) stellen, dee regelméisseg sensibiliséiert an deen d’Leit bei all wichteg Etapp vum Projet informéiert. Kommunikatioun zum Projet ass immense wichteg fir den Erfolleg. 
  • Notze vum Enercoach zum Dokumentéiere vun de Verbräich säit min. 1 Joer.
  • Am beschte just Eenzelcompteurë pro Gebai. 

Iwwer de folgende Formulaire kënnt Dir eng éischt Préinscriptioun maache, fir dass mir méi konkret plange kënnen, wéivill Gemengen a Leit matmaachen.

Drot Iech w.e.g. hei oder op www.klimabuendnis.lu bis de 15. Mee 2017 an de Formulaire an. Mir mëllen eis da bei Iech.

De Start vum Projet ass fir Mëtt November geplangt!!

Energie [light] reloaded

  • Et kënne maximal 4 Leit pro Gemeng bestëmmt ginn, fir an d'Formatioun ze kommen an de Projet an der Gemeng ëmzesetzen. Wann Dir nach keng Unzuel wësst, da loosst einfach wäiss.
  • Verwaltung, Ateliers, Schoulen, Sportshalen, etc. (Kierchen ziele mer net mat). Wann Dir dat net wësst, da loosst einfach wäiss.
    Dëst ass wichteg fir vergleichbar Resultater ze kréien. Gemengen, déi dës Konditioun erfëlle, gi prioritär fir de Projet Energie [light] reloaded ugeholl.
    Max. Unzuel u Gemenge gouf op 10 festgeluet. Dëse Formulaire ass just eng Pré-Inscriptioun a nach keng Verpflichtung. Eréischt no Erhalt vun enger Confirmatioun duerch d'EBL oder d'KB Lëtz ass d'Gemeng fir de Projet Energie [light] reloaded ugemëllt.