Schwätz mat!

Projeten

Energie [light]

Energilight_Logo 2019_Page_1Den Erfollegsprojet Energie [light] vun der Emweltberodung Lëtzebuerg (EBL) an dem Klima-Bündnis Lëtzebuerg (KB Lëtz) geet an déi nächst Ronn! Bei der Neioplag dëst Joer hunn 10 Gemenge matgemaach an dofir hu mir eis décidéiert, de Projet och d’nächst Joer erem unzebidden.

Och wa sech, net zulescht duerch de Klimapakt, vill a Saachen Energieeffizienz vun eise Gebaier gedoen huet, sou bleiwt ee vun deene wichtegste Faktore awer weiderhin vernoléissegt:

          De Mënsch a säi Verhalen als Energienotzer!

Genau ëm dëse Volet dréit et sech beim Energie [light] Projet. Bei deene leschten Editioune gouf scho bewisen, dass eleng duerch e verännert Notzerverhale bis zu 15% Energie agespuert kënne ginn. Mam Energie [light] bidde mir de Gemenge net just eng Hëllefsstellung beim Energiespueren duerch en optiméiert Notzerverhale, mee stoussen och e permanente Prozess zur Sensibiliséierung a Saachen Energiespueren op kommunalem Niveau un.

Dëst bréngt Iech als Gemeng e reale Gewënn a Saache Klimaschutz an erhéicht Äre Klimapakt-Punktekonto.

Haapt-Zilgrupp vum Energie [light] ass natierlech d’Gemengepersonal an all d’Notzer vun de Gemengegebaier. D’Energieverbräich (Stroum, Wäermt, Waasser) aus méiglechst ville, regelméisseg genotzte Gebaier gi mat Hëllef vun engem eegens fir dëse Projet entwéckelten Excel-Tool all Mount opgezeechent an ausgewäert.

De Projet gëtt ee Joer laang vun der EBL an dem KB Lëtz begleet a kann/soll duerno an Eegerégie vun der Gemeng weidergefouert ginn.

Folgenden Oflaf ass beim Projet virgesinn:

An enger gemeinsamer Optaktveranstaltung ginn déi vun der Gemeng désignéiert Projetsresponsabel forméiert, fir de Projet och erfollegräich an der Gemeng ëmsetzen ze kënnen. Während dem Projet bidden d’EBL an de KB Lëtz eng regelméisseg fachlech Ënnerstëtzung, souwéi eng ganz Rëtsch un Hëllefsmëttel an Infomaterial un.

Doriwwer eraus gëtt de Projet mat regelméissegen Echangen a spezifesche Seminairen Ureegungen an Tipps zu klengen technesche Moossnamen, wéi zum Beispill d’Optimiséierung vun de Betribszäiten an den Temperaturniveauen, zum hydrauleschen Ausgläich, zur Effizienz vun Ëmwelzpompelen, zum Asaz vun efficace Liichtmëttel oder zu waasserspuerenden Armaturen, asw.

An enger Ofschlossveranstaltung ginn d’Resultater dann zesummegedroen, analyséiert an ev. verglach, Erfahrungen ausgetosch an Tipps geliwwert zum eegestännege Weidermaache iwwer déi nächst Joren.

Maacht mat beim Projet Energie [light] 2019!!

D’Zuel un deelhuelende Gemengen ass op 10 limitéiert (EBL an/oder KB Lëtz Gemengen hu Prioritéit).

Fir EBL an/oder KB Lëtz-Gemengen ass de Projet GRATIS!

Präis fir Net-Memberen: 1.500€ (falls nach fräi Plazen do sinn)

 

Konditioune fir matzemaachen:

  • D’Gemeng muss min. 1 Projetsresponsabelen (max. 4) stellen, dee regelméisseg sensibiliséiert an deen d’Leit bei all wichteg Etapp vum Projet informéiert. Kommunikatioun zum Projet ass immense wichteg fir den Erfolleg. 
  • Notze vum “Enercoach” zum Dokumentéiere vun de Verbräich säit min. 1. Januar 2018
  • Sou vill wéi méiglech Eenzelcompteurë pro Gebai. 

Iwwer de folgende Formulaire kënnt Dir eng éischt Préinscriptioun maache, fir dass mir méi konkret plange kënnen, wéivill Gemengen a Leit matmaachen.

Drot Iech w.e.g. hei bis de 23. November 2018 an de Formulaire an. Mir mëllen eis da bei Iech fir Äer Participatioun ze bestätegen.

De Start vum Projet ass fir Mëtt Dezember 2018 geplangt!!

Energie [light] Aschreiweformular

  • Et kënne maximal 4 Leit pro Gemeng bestëmmt ginn, fir an d'Formatioun ze kommen an de Projet an der Gemeng ëmzesetzen. Wann Dir nach keng Unzuel wësst, da loosst einfach wäiss.
  • Verwaltung, Ateliers, Schoulen, Sportshalen, etc. (Kierchen ziele mer net mat). Wann Dir dat net wësst, da loosst einfach wäiss.
    Dëst ass wichteg fir vergleichbar Resultater ze kréien. Gemengen, déi dës Konditioun erfëlle, gi prioritär fir de Projet Energie [light] reloaded ugeholl.
    Max. Unzuel u Gemenge gouf op 10 festgeluet. Dëse Formulaire ass just eng Pré-Inscriptioun a nach keng Verpflichtung. Eréischt no Erhalt vun enger Confirmatioun duerch d'EBL oder d'KB Lëtz ass d'Gemeng fir de Projet Energie [light] reloaded ugemëllt.