Schwätz mat!

Projeten

Ëmweltquiz fir Schoulkanner

De neie Quiz zum Thema Schoulmaterial ass do! Test däi Wëssen elo!

Den drëtten Schoulquiz mam Thema ëmweltfrëndlecht a gesondheetsschounend Schoulmaterial ass elo do! Dëse Quiz gouf am Kader vun der nationaler Campagne „Ech Kafe Clever“ entwéckelt.

Schüler a Léierpersonal verbréngen all Dag vill Stonnen an der Schoul a si permanent am Kontakt mat verschiddenem Schoulmaterial. Dowéint ass et wichteg, dass dëst Material d’Gesondheet vun de Benotzer net a Gefor bréngt. Ausserdeem gëtt duerch dat villt Üben a Schaffe vill Material benotzt. Nieft engem spuersamen Ëmgang mat de Schoulsaache kann een onnéidesch Ëmweltschied och doduerch vermeiden, andeems ee beim Akaf vu Schoulsaachen ob ëmweltfrëndlech Artikelen zeréckgräift.

Test elo däi Wësse beim Quiz zum Thema Schoulmaterial a léier méi iwwert d’Produiten, déi’s du all Dag an der Schoul benotz.

  • Zwee Schwieregkeetsniveauen
  • 15 Froe pro Spillduerchgang
  • 30 Sekonnen Zäit fir ze äntwerten
  • Äntwerte mat Erklärungen
  • Highscore-Listing

D’Partner vun der Campagne « Ech Kafe Clever » :

Logo_low    SuperDrecksKescht     Greenpeace Luxembourg
 MDDI    Ministère de la santé    Ministère de l'éducation


Méi Informatiounen zu dësem Thema fannt Dir ob der Internetsäit vun der Campagne www.ech-kafe-clever.lu

 

Quiz 2

D’Emweltberodung Lëtzebuerg huet am Kader vu senger Ëmweltbildung am Joër 2012 di éischt Versioun vu sengem Ëmweltquiz fir Schoulkanner erausbruet. Entwéckelt gouf d’Spill matt Ënnerstetzung vun der SuperDrecksKëscht an dem STATEC. Thema vun dëser éischter Versioun: ENERGIE!

Den Ustouss fir d’Entwécklung vun dësem Spill koum vun de jonke selwer, nämlech op eng Initiativ vun der Privatschoul Fieldgen hin. D’Léierin vun der Classe 2ième C Sektioun Biologie, d’Madame Nathalie Mussot, haat sech matt senge Schüler am Kader vun enger “grénger Woch” eppes Besonnesches ausgeduet. Déi jonk Schülerinne kruten den Optrag, a Gruppe vun 3-4 Schülerinnen opgedeelt, jeweils ee Gesellschaftsspill zu engem vun den Themen Offall, Recycling, Klima, Energie oder Déiereschutz ze entwéckelen. Eng Grupp huet dunn och d’Thema Energie opgegraff an dozou e spannend Brietspill erfonnt. Dëst Spill war d’Basis fir de spéideren Ëmweltquiz, woubäi aus dem Brietspill schnell eng digital Online-Variant ginn ass. Den ursprüngleche Spillprinzip – eng Fro matt drei Äntwertméiglechkeeten, gouf bäibehaal. An och eng ganz Rëtsch vun de Froën, déi sech d’Schülerinnen ausgeduet haate, goufen am Ëmweltquiz iwwerholl.

Den Ëmweltquiz soll op eng intressant a spilleresch Art jonke Mensche verschidden Ëmwelttheme méi no bréngen. Et geet drëms, erauszefanne, wéi gutt sech d’SchülerInnen matt dësen themen auskennen. De Quiz kann een onlinbe spillen an et muss ee probéieren esou vill wéi méiglech Froë richteg ze beäntwerten. A wat ee méi schnell ass, wat et méi Punkte gett. Et kann een tëscht zwou Schwieregkeetsstufen (je no Alter) wielen an d’Froë ginn da nom Zoufallsprinzip gestallt. Ween di meeschte Punkten huet, gewennt!

D’Asatzméiglechkeete vum Quiz si villfälteg: Et kann an de Pausen oder bei Events, wéi z.B. dem Schoulfest agesat ginn. Gutt gëeegent ass et awer och fir de Sachunterrëscht, woubäi et an éischter Linn als Introductioun oder als ergänzend Element bei enger méi intensiver Ausernanersetzung mam Thema geduet ass.

Mëttlerweil ginn et och schonn 2 nei Quiz déi Ëmwelttheme behandelen. Hei gëtt eng kéier Thema OFFALL behandelt an an der neister Versioun vum Quiz geet et em Thema SCHOULMATERIAL.