Schwätz mat!

Projeten

Campagne “ouni Pestiziden”

Kuckt Iech den offiziellen Site vun der Campagne un:

www.ounipestiziden.lu

 

AKTUELL: Sensibiliséierungsaktioun Planzestiechkaarten

Den 1. Januar 2016 war et esou wéit. Ab elo mussen d’Gemengen per Gesetz op ëffentleche Flächen op Planzeschutzmëttel verzichten. Zäit deemno, och de Bierger e pestizidfräie Privatgaard méi no ze bréngen, sou dass déi nächst Gaardesaison ouni chemesch Mëttele starte kann! Bestellt nach Är personaliséiert Planzestiechkaarten – dat perfekt Kommunikatiounsmëttel fir d’Awunner an Ärer Gemeng iwwert d’Thematik «E Gaart ouni Pestiziden» ze informéieren an ze sensibiliséieren! Weist mat Hëllef vun dëse flotte Stiechkaarten dem Hobbygäertner an ärer Gemeng Methoden an Techniken op, wéi ee Geméis, Uebst, Blummen an aner Planze fleege kann, ouni op Sprëtzmëttel zeréckzegräifen.

Méi iwwert d’Stiechkaarten an d’Bestellung fannt Dir ob folgender Säit. 

 

AKTUELL: “Pestizidfräi Gemeng”

Ab dem 1. Januar 2016 ass den Asaz zu “Planzeschutzmëttel” (Herbiziden, Fungiziden, Insektiziden) op ëffentleche Fläche verbueden. Doduerch däerfen och d’Gemengen an Zukunft net méi beim Entretien vun hieren Terrainen op dës Mëttelen zeréckgräiffen. Eng ganz Rei Gemengen hunn awer scho virum offizielle Start vun dësem Gesetz pestizidfräi geschafft a bis zum Schluss vum Joer hat all Gemeng nach d’Chance fräiwëlleg eng Délibératioun am Gemengerot ze huelen an esou nach emol däitlech ze maachen, dass et sech lount op Pestiziden ze verzichten. Bis den 31. Dezember 2015 haten insgesamt 42 Gemengen sech bei de Partner vun der Campagne als “ouni Pestiziden” erklärt a 44 weiderer haaten op politeschem an/oder prakteschem Niveau op mannst eng Reduktioun vum Asaz vu Pestiziden erreescht. Den Détail, weeing Gemengen dat ware, fannt Dir an eiser Kaart e wéineg méi ënnen.

D’Campagne wäert sech ab elo dann och intensiv domatt beschäftegen, de Gemenge bei der Ëmsetzung vun dësem neie Gesetz berodend zur Säit ze stoën. Bei Froe kënnen sech di responsabel Lait oder och all Interesséierten direct un d’EBL wenden.

Woch ouni Pestiziden 2016

Den 20. Mäerz 2016 ass den offizielle Start an déi 7. Editioun vun der “Woch ouni Pestiziden”. 10 Deeg laang gëtt ërem verstäerkt Sensibiliséierungsaarbecht geleescht an och doriwer eraus duerch eng Rei Aktiounen ergänzt. Hei fannt Dir den Aktiounsprogramm vum leschte Joer an och de Link op di grouß Stiechkaartenaktioun, déi nach emmer kënne bestallt ginn mam Logo vun Ärer Gemeng. 2016 wäert d’Woch ouni Pestizide ganz am Zeeche vum neie Gesetz stoen an de neien Défis, deen op d’Gemenge waart.

Wat mëscht d’Campagne “ouni Pestiziden”?

D’Campagne “ouni Pestiziden” gëtt vun enger ganzer Rei lëtzebuerger Partner ënnerstëtzt, déi am Ëmweltberäich täteg sinn a soll d’Ëffentlechkeet iwwer déi schiedlech Auswierkunge vu Pestiziden op Natur an Ëmwelt an op d’Gesondheet vun de Menschen opmierksam maachen an alternativ Fleegemethode fir ëffentlech a privat Flächen opweisen. D’Haaptzil vun der Campagne besteet doranner, déi bestehend Siichtweisen, onrealistesch Idealer an di agebiergert Aarbechtsmethoden a Bezug op Pestiziden ze veränneren. Et soll a Richtung vu méi Biodiversitéit ouni den Asaatz vu chemesche Mëttelen, souwuel op kommunalem wéi op privatem Niveau goën.

Wat waren di éischt Schrëtt?

Duerch eng ganz Rëtsch un Aktivitéite, Publikatioune, Projet’en a Formatioune gi fir déi ënnerschiddlech Notzungsberäicher Alternativen zum Pestizidasatz viirgestallt an diskutéiert. No engem volle Programm am Kader vum internationale Joer vun der Biodiversitéit 2010, gouf och am Joer duerno ganz vill Wäert op d’Ëffentlechkeetsaarbecht geluet. Seit 2010 fënnt all Joër Enn Mäerz déi international “Woch ouni Pestiziden” och zu Lëtzebuerg statt, an där de grand public soll sensibiliséiert ginn. Pënktlech zur Editioun 2012 gouf dann och op enger Pressekonferenz di éischt Versioun vun enger online verfügbarer Infokaart viirgestallt, déi opweist, wéieng Gemengen de Pestizidasatz reduzéieren oder scho komplett agestallt hunn. Dës Kaart soll aner Gemengen, awer och Privatleit dozou motivéiere, méi ökologesch Alternative bei der Fleeg vun de Gréng- a Verkéiersflächen oder dem eegene Gaart ze sichen an anzesetzen. D’Kaart gouf a regelméißegen Ofstänn aktualiséiert a weist ganz däitlech déi positiv Entwécklung: Ongeféier een Drëttel vun de Gemenge verzicht scho komplett op Sprëtzmëttel an e weideren Drëttel ass um gudde Wee dohinner.

Wat ass di lescht Jore gemaach ginn?

Och am Joer 2013 gouf et e reichhaltegen Aktiounsprogramm matt ronn 28 Aktivitéiten, déi am Kader vun der Camapagne vun den eenzelne Partner duerchgefouert goufen. Doriwwer eraus gouf och en Ofkommes tëscht de Partner ënnerschriwen, daat der Campagne méi e geregelte Kader schaaft an esou fir méi Transparenz suergt. Der EBL kënnt dobäi d’Roll vum Koordinator vun der Campagne zou, waat dann och vun alle Partner confirméiert gouf. An och 2014 gouf vill geschafft. Sou gouf et ë.a. de groußen Demo-Day am Mäerz matt enger Konferenz a Fachviirträg vu verschiddenen Expert’en an der Aweiung vun enger Wanderausstellung zum Thema Pestiziden, déi bei der Camapgne kann ausgeléint ginn. Außerdem gouf et d’Méiglechkeet direkt alternativ Geräter zur Onkrautbekämpfung ze testen a matt den Hiersteller direkt ze schwätzen, déi op der Plaatz präsent waren! Doriwwer eraus goufe 4 Aarbechtgruppen an d’Liewe geruff, wou d’Partner vun der Campagne sech intensiv matt der Gesetzgebung, der Ëffentlechkeetsaarbecht, den alternative Fleegemethoden oder och mam Thema lokal ugepasstent an ëmweltfrëndlech produzéiert Saatgut auserneesetzen.

Partner vun der Campagne “sans pesticides”

Partner C. Ouni Pestiziden feb. 2016

 

Déi final Versioun vun der Kaart matt de pestizidfräie Gemengen: Op d’Kaart klicke fir se am PDF-Format kënnen unzekucken!

Communes_sans_pesticides_20151231