Schwätz mat!

Projeten

Campagne “Ech kafe clever”

logo 1D’Campagne “Ech kafe clever” gouf virun e puer Joer duerch d’Emweltberodung Lëtzebuerg, d’SuperDrecksKëscht, Greenpeace, de Nohaltegkeetsministère (MDDI) an den Educatiounsministère (MEN) an d’Liewe geruff an huet sech der Promotioun vun ëmweltfrëndlechen a gesondheetsonbedenkleche Schoul- a Bürosmaterialie verschriwwen. Seit 2011 ass de Gesondheetsministère als weidere Partner matt u Bord vun der Campagne. Eise Flyer “Schulanfang – clever einkaufen” weist Iech, op wat ee bei Schoul- a Bürossaachen oppasse muss a gëtt Tipps fir den ökologesch bewossten Akaf. De Flyer ka vum Léierpersonal gratis bei der EBL bestallt ginn, fir den Eltere matt ze ginn oder selwer anzekafen! 

E wichtege Punkt bei eiser Aarbecht ass déi aktiv Intégratioun vum Commerce an eis Aktiounen. Eng eegens dovir opgestallten an all Joers iwerschaffte Critèrelëscht gëllt den Handelspartner als Guide, wéieng Produit’en als ëmweltfrendlech agestuuft ginn a wéieng net. Seit 2011 fléiße verstäerkt och Gesondheetscritèren an eis Empfehlunge matt an, déi mer duerch Tester am Labo ënnermaueren.  Duerch d’Koopératioun matt der Santé kennen esou no a no vill Produit’en op bedenklech Konzentratioune vu verschiddenen Inhaltsstoffer hin ënnersicht ginn. Seit der Rentrée 2011 gi “gréng Schoulsaachen”, déi eise Critèren entspriechen, an de Geschäfter uechtert d’Land mam bekannten Label “clever akafen” vun der SuperDrecksKëscht gekennzeechent an esou dem Keefer däitlech vun eiser Seit empfuel. Et goufen an deem Zesummenhang och schon intressant Workshops fir Enseignants’en, Elteren an aner Interesséierter ugebueden. Och eng kleng “Foire” matt Hiersteller vun esou Produit’e, wou di interesséiert Leit d’Saache selwer teste konnten, gouf schon organiséiert. Di eenzeln Viirträg aus de Workshops kennt der hei ënnen downloaden.

Och de Projet “Green Schoulsak”, dee no erfollëgreicher Aféierung 2010 vu Greenpeace (mat Ënnerstztung vun der EBL) organiséiert gett, reit sech an d’Lëscht vun den Aktiounen am Cader vun der Campagne “Ech kafe clever”. Dobäi handelt et sech ëm eng Initiativ, bei där Grondschoulklasse ganz bequem per Sammelbestellung ëmweltfrëndlech Schulsaache no eise fachleche Critère kafe kennen.Greenpeace steet fir en Informatiounsgespréich an de Gemengen an de Schoulen zur Verfügung.

.

Offizielle Site vun der Campagne: Ech-kafe-clever.lu

 .

 

Partner vun der Campagne “Ech kafe clever”

Partner EKC

 

Flyer clever akafen

clever akafen

 


 

 Infographik

Ech Kafe Clever_Infographik_png

 


 Newsletter

Ech kafe clever Newsletter 1

Ech kafe clever Newsletter 2