News

Ofschloss vum Energie[light] reloaded a Start vum Energie[light] 2019

Um Projet Energie[light] reloaded, deen an Zesummenaarbecht mam Klimabündnis Lëtzebuerg organiséiert gouf, hunn am Joer 2018 10 Gemengen deelgeholl (Betzdorf, Contern, Esch-sur-Alzette, Hesperange, Junglinster, Kayl, Mersch, Sanem, Steinsel, Walferdange).

Den 30. Januar 2019 huet d’Ofschlossveranstaltung am Oekozenter stattfonnt. Zesumme mam Experten Hubert Grobecker vum e&u Energiebüro konnten d’Participanten hier Erfarungen an Ergebnisser vergläichen an diskutéieren. Och wann ee wierkleche Verglach vun de gesammelte Mount-Wäerter (Heizen, Elektresch, Waasser) eréischt um Enn vum Joer 2019 méiglech wäert sinn, konnt eng positiv Bilanz gezu ginn. Déi bewosst Beschäftegung mam Energieverbrauch an déi gewonnen Erfarungen an Erkenntnisser sinn ee Gewënn fir d’Gemeng. Sou wëllen och déi meeschte Gemengen an Zukunft mam konsequente Monitoring weider fueren.
Mir probéieren si sou gutt wei méiglech och an Zukunft dobäi ze ënnerstëtzen.

 

Quasi gläichzäiteg hunn 10 nei Gemengen d’Erausfuerderung ugeholl a si mat der Editioun 2019 an de Projet gestart (​Beaufort, Differdange, Dudelange, Feulen, Mertzig, Reckange-sur-Mess, Rosport-Mompach, Schuttrange, Strassen, Vianden).
Bei der Optakveranstaltung den 01. Februar 2019 am Bamhaus (Büroen EBL), kruten d’Gemengen vum Här Grobecker déi néideg  Informatioune fir de Projet kënnen an hirer Gemeng ëmzesetzen. Mir freeën eis op eng flott Zesummenaarbecht mat de Gemengen.

Dokument dozou… 
Internetsäit zum Projet Energie[light]