20/08/19

Um Ufank vum Schouljoer ass et erëm esou wäit:

Transforma, den innovative Projet deen sech konkret mat der Economie Circulaire beschäftegt, start an eng nächst Ronn a geet direkt an d‘Schoulen.

Mir freeën eis, wann vill vun de Schoulen an eise Membersgemengen deelhuelen an esou Punkte fir de Klimapakt sammelen.

Matmaache kënne Schoulklassen ab Cycle 4.

Elo huet och déi offiziell Websäit vum Projet eng nei Haut krut, déi dir iech hei kënnt ukucken:

https://transforma.lu/

Op dëser Säit fannt dir all déi neideg Informatiounen zum Challenge a kënnt iech natierlech aschreiwen fir matzemaachen.