12/07/19

Regel: Eng Schachtel erfannen, déi sech an en aneren nëtzlechen Objet verwandele kann.
Zil: Weisen, datt den Erfinder sech mat engem intelligenten Design konkret fir den Ëmweltschutz asetze kann.

 

Mir freeën eis de Gewënner vun der Transforma-Challenge 2018/19 ze verkennen! Den Edouard Palm vun der a.s.b.l. Cooperations huet eng Handyshousse entwéckelt, déi behënnertegerecht ass. Inspiratioun heifir war säin Aarbechtskollege.

Fannt méi iwwer den Edouard eraus iwwer eis aner Kanäl (transforma.luFacebook, Instagram).

 

Mir soe Merci fir den Engagement an d’Kreativitéit vun all de Participanten!