29/11/19

Iwwer zwee Seminairen, organiséiert vun der EBL, gouf d’Entwécklung an d’Planung vun de Siidlungsgebidder an der Optik vun der Upassung un de Klimawandel beschwat. No enger éischter Veranstaltung am Juli, déi méi theoretesch war, goufen den 20. November méi konkret Klimaupassungsmoossnamen opgewisen.

Mir si ganz zefridden mam Austausch dee stattfonnt huet a géife gär d’Presentatiounen vun de Seminairen mat iech deelen. Ënnert folgendem Link kënnt dir d’Presentatiounen vum éischten Seminaire am PDF-Format eroflueden.