19/08/19

Och bei der Rentrée 2019 – déi elo virun der Dier steet – si mir am Kader vun der Campagne “Ech Kafe Clever” engagéiert fir iwwert ëmwelt- a gesondheetsschounend Schoulmaterial z’informéieren.

Dëst ass an de Geschäfter mam SDK- Label “Clever akafen” gekennzeechent.

Informatiounen iwwert eis Campagne, awer och pedagogescht Material a Materialslëschten fir Schüler, fannt dir hei.