News

www.guide-urbanisme.lu – Interaktive Guide iwwer d’Prozeduren bei Autorisatiounsufroën

Am Kader vun der Simplification Administrative huet de Minister Dan Kersch viru kuerzem de Projet “Guide Urbanisme” virgestallt, deen de Lait e vereinfachten Zougrëff op all di prozedural Démarchen am Beräich Urbanismus an Ëmwelt bidd. Et handelt sech dobäi ëm eng Initiative vum Ministère de la Fonction Publique et de la Réforme Administrative an Zesummenaarbecht mam Ordre des Architectes et des Ingénieurs (OAI). De Guide all Interessent iwwer di eenzel Autorisatiouns-Régimer an iwer d’Démarchen informéieren, déi di eenzel Prozedure virgesin. Réglementatiounen a Prescriptiounen ë.a. an de Beräicher Waasser, Offall, Loft, Kaméidi a Naturschutz ginn an dësem Guide matt oofgedeckt. De Guide ass online ënner folgendem Link ze consultéieren a bidd zwou verschidde Versioune fir en Accès.