News

Offall – D’Gemeng Steesel installéiert éischt Dreschen-Toilette am Land

Déi éischt Dreschen-Toilette zu Lëtzebuerg huet d’Gemeng Steesel bei der Spillplaz “auf den Aulen” zu Heeschdref (op der Vëlospist PC15) opgestallt.

Gemeng Steesel_dreschen ToiletteD’Toilette funktionéiert no der Technik vum «Lombricompostage» oder och nach «vermicompostage» genannt. Hei kommen dem Numm no Kompostmueden zum Asaz. Dëse patentéierte System funktionéiert ouni Waasser, ouni Elektrizitéit an ouni chemesch Produiten. Eng natierlech Ventilatioun gëtt duerch d’Struktur an d’Form vun der Kabinn assuréiert, esou dass keng onangenehm Geréch entstinn.

Gemeng Steesel_dreschen Toilette (2)De «Lombricompostage» ass eng ecologesch Methode fir Offäll (Kot an Toilettepabeier) ze valoriséieren. Eng speziell Muedenzort  (Aesenia Foetida) transforméiert dës Offäll zu Kompost.

30 bis 40% vum Waasserverbrauch an den europäeschen Haushalter sinn der Toilette zouzeschreiwen. Mat enger Dreschen-Toilette kënne bis zu 6 Liter Waasser pro Spullgang agespuert ginn.

D’Installatioun gouf vun der Firma Sanisphère duerchgefouert.

Fir méi Informatiounen iwwert dës Installatioun kënnt Dir de Service écologique vun der Gemeng Steesel kontaktéieren: service.ecologique@steinsel.lu