News

Neien “Plan d’action national de réduction des produits phytopharmaceutiques (PAN)”

Presentatioun Plan d'action pesticides

De 15. Dezember 2017 gouf de neien “Plan d’action national de réduction des produits phytopharmaceutiques (PAN)” vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen presentéiert.

Festgeluechten Zieler vum Plang sinn zum Beispill:
– De Gebrauch vu Pestiziden bis 2030 ëm 50% ze reduzéieren
– De Gebrauch vun de sougenannten “big movers” (déi geféierlechsten a meescht benotzte Pestiziden) bis 2025 ëm 30% ze reduzéieren.

D’EBL wäert, zesumme mat de Partner vun der Campagne “Ouni Pestiziden”, dëst Dokument genau ënnert d’Lupp huelen a kucken, wei mir eis an dësem Kader kënne mat abrénge fir eng Reduktioun vu Pestiziden an allen Uwendungsberäicher virun ze dréiwen.