News

Herbiciden an der Sauer – Pressecommuniqué vun der Kampagne “sans pesticides”

De 17. September 2014 ass jo bekanntklech bei engem Accident eng grouß Quantitéit vun engem Herbicid mam Wierkstoff Métazachlor, deen haaptsächlech am Rapsubau gesprutzt gëtt, an en Zoulaaf vun der Sauer gefloss. E puer Woche mi spéit haat déi gëfteg Substanz eis Staumauer erreescht, wouduerch d’SEBES de Krunn virsiichtshalber zougedréint huet. Duerch d’Prouwen, déi doropshi geholl goufen ass erauskomm, dass Ofbauprodukter vun deem Wierkstoff scho seit laanger Zäit an eisem Grondwaasser enthale sin. D’Konsequenze fir eis Gesondheet an d’Ëmwelt si nach net oofzeschätzen. An dës Geschicht ass eréischt d’Spëtzt vum Äisbierg. A Saache Pesticidverbuet muss elo séier Bewegung an den Dossier kommen. D’Campagne “sans pesticides” huet ënner der Federführung vun der EBL en Pressecommuniqué erausbruet.