News

Donnéeën zur Loftqualitéit elo um nationalen Géoportail “Emwelt” publizéiert

D’Ëmweltverwaltung informéiert, dass hier Donnéeën zur Loftqualitéit am Januar 2019 georeferenzéiert an um Géoportail vu Lëtzebuerg publizéiert goufen. Wann een an der Lëscht op den Sous-thème „Loftqualitéit“ um Site emwelt.geoportail.lu klickt, fënnt een :

  • Modeléierungen: Dës weisen an Echtzäit eng berechent Konzentratioun vum Ozon (O3), vum Stéckstoffdioxid (NO2), an vum rénge Stëbs (PM10 a PM2,5). D’Faarwen déi ugewise ginn entspriechen dem Loftqualitéitsindex vun dem jeeweilege Schuedstoff deen ënnert dem Tab „Legenden“ ugewise gëtt. Hei Detailer zu den eenzele Schuedstoffer di ugewise ginn.
  • Donnéeën an d’Rapporten zu de verschiddene Mießréseau‘en: Heifir muss een déi entspriechend Couchen auswielen an op d’Miessstatioune klicken. Aktuell kann een hei den telemetrësche Réseau kucken, de Reseau vum Stëbsnidderschlag an de Reseau vum Feinstaub. An de kommende Méint wäert och de Biomonitoring dobäi kommen. Méi Informatiounen zu de verschiddene Reseau kënnen hei gelies ginn.

 

Dës Neierung erméiglecht et déi Donnéeën einfach op enger Kaart uweisen ze loossen a mat anere Faktoren a Form vun iwwerenee geluechte “Couchen” um nationalen Geoportail ze vergläichen, respektiv ze kombinéieren. Dëst ass och ë weidere Schrëtt an d’Richtung vun der Digitaliséierung vun der Verwaltung.

Méi op www.emwelt.lu