News

Bewäertung vun Akafstuten (Dokument vun der Emweltverwaltung)

Säit dem 1. Januar 2019 dierf dem Client keng Plastikstut, déi zur eemoleger Verwendung geduecht ass, gratis ugebuede ginn. D’Emweltverwaltung huet elo een Dokument publizéiert, dat op Alternativen hiweist an de Bierger soll hëllefen, sech fir déi richteg Akafstuten ze entscheeden.

D’Dokument – fir Privatleit a fir den HORESCA-Secteur – ass op dëser Säit ze fannen.

‘Méiwee’-Léisungen sinn, ekologesch gesinn, ëmmer déi bescht Optioun.
Denkt och drun, wann d’Méiglegkeet besteet, lokal hiergestallt Drotäschen ze benotzen.