News

Neit Dokument zum Thema “Kommunikatioun mam Bierger”

merkblatt-n-2-kommunikation-mit-dem-b-rger-bild_origDir wëllt Är Bierger doriwwer informéieren, dass Är Gemeng ouni Pestizide schafft, wësst awer nach net esou richteg wéi Dir Iech am beschten uleeë sollt?
Fir Iech bei dëser Aufgab ze ënnerstëtzen huet d’Campagne “…Ouni Pestiziden” elo en Dokument zum Thema Kommunikatioun mam Bierger ausgeschafft. Hei fannt Dir net nëmmen nëtzlech Tipps an Tricks zum Thema Kommunikatioun. Konkret Good-Practice-Beispiller aus de Gemenge weisen Iech wéi et geet, inspiréieren a motivéieren!

Méi Informatiounen…