News

Naturschutzgesetz: Input vun EBL-Membere gefrot

Aktuell ass de Gesetzesprojet zum Schutz vun der Natur an de natierleche Ressourcen um Instanzwee. Wëll dëst awer eng ganz wichteg Gesetzgebung a Saachen Ëmweltschutz ass, schafft d’EBL gären an Zesummenaarbecht mam Syvicol en Avis aus, deen da soll un déi zoustänneg Akteure geschéckt ginn. Fir dësen Avis och un déi reell Besoinen an och un d’Bedenke vu Säite vun de Gemengen unzepassen, géife mer gäre vun eise Memberen e Feedback zum proposéierten Text (en annexe) kréien. D’Gesetz concernéiert Iech spéider och, dofir zéckt net a loosst eis Äer Remarque bis spéitstens den 23. Dezember per Mail oder Telefon zoukommen.

Et geet drëms, dass d’Emwelt- an d’Klimaberoder iwwer dëse Wee aus engem Mond schwätzen an de Syvicol eng kohärent Propositioun vun eis kritt, fir mat an den Avis dranzesetzen. Mir wiere frou iwwer all Réckmeldung.

Hei kënnt Dir de projet de loi eroflueden.