News

Littering-Campagne “Gehei näischt an d’Natur”

De 6. Abrëll 2019 hate mir eiser Littering-Campagne de Start ginn: Ee Mount laang ass de Grand Public op d’Folge vum Littering opmierksam gemaach ginn, mat Hëllef vu verschiddene Visuellen, déi iwwert diverse Medien publizéiert goufen (Televisioun, Kino, Sozial-Medien, Pouster laanscht d’Stroossen, Bus an Tram etc.).

Dës Littering-Campagne gouf an Zesummenaarbecht a mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Ëmweltverwaltung an dem MECDD ausgeschafft. Och d’Gemenge wäerten déi verschidde Visuellen notze kënnen.

Ënnerstëtz dës Initiativ an hëllef eis de Message weider ze verbreeden: “Gehei näischt an d’Natur. Offall kann déidlech sinn”. 
Weider Informatiounen…