Klimapakt

Erausfuerderung Klimapakt – D’EBL ënnerstëtzt Iech!

KlimaschutzMam Klimapakt hu sech d‘Gemengen an de Staat gemeinsam virgeholl,  Klima- an Ëmweltproblemer zesummen unzepaken. Esou besteet zanter 2013 d’Méiglechkeet, de Klimapakt ze ënnerschreiwen an esou e Bündnis tëscht Staat a Gemeng ze schaafe, fir eng nohalteg an ëmweltschounend Energie- a Klimapolitik ze förderen.

Och d‘EBL setzt sech zanter Joere fir eng méi nohalteg Gemengenentwécklung an an ënnerstëtzt d’Gemenge bei hire Projeten. Deemno leit et no, dass och mir eisen Deel zum Gelénge vum Klimapakt bäidroe wëllen.

Vill vun eise Projeten, Aktivitéite, Seminairen a Campagne kënnen aktiv vun de Gemenge bei der Ëmsetzung vun hire Klimaziler genotzt ginn.

Zeckt net, a kontaktéiert eis fir all weider Froen zu dësem Thema, esou wéi fir Ideeën a Virschléi fir aner Aktivitéiten an dësem Kader.

Méi Informatiounen iwwert de Klimapakt hu mir ausserdeem ob folgendem Link fir Iech zesumme gesicht.

 


Good Practice Beispiller

Fir der Prioritéit vum Klimaschutz Rechnung ze droen, a wéi och mam MDDI ofgemaach, setzt d’EBL sech verstäerkt dofir an, de Klimaschutz an de Gemengen ze promouvéieren an d’Gemengen am Kader vum Klimapakt ze begleeden. Eng vun eisen Aktiounen am Kader vum Klimapakt ass d’Plattform “Good Practice Beispiller”. D’Plattform gëtt Beispiller vu Projeten, déi am Kader vum Klimapakt vu Gemengen aus Lëtzebuerg schonn ëmgesat goufen. D’Beispiller an interessant Lecturë sinn op aacht Themefelder opgedeelt. Dës Bibliothéik kann Iech hoffentlech an Äre Klimaschutz-Aktivitéiten inspiréieren.

EBL_Practice Beispiller KlimaPakt

Zu der Plattform…. 

 

Dir hutt een oder e puer konkret Projeten, déi Dir am Kader vum Klimapakt realiséiert hutt, déi gutt funktionéiert hunn an déi Dir mat anere Gemengen deele wëllt?

Kontaktéiert eis!

Zesumme mat Iech iwwerleeë mir eis déi beschte Méiglechkeet, Är erfollegräich Ideeën och bei anere Gemengen ëmzesetzen a Lëtzebuerg a Punkto Nohaltegkeet ee Schratt no vir ze bréngen.

 


 

Een Aarbechtsdokument mat villen Ideeë fir de Klimapakt!

De Klimapakt ënnerschreiwen? Jo oder Nee? Dëst ass fir déi meescht Gemenge guer keng Fro. Et gëtt eng sëlleche Virdeeler vun deenen eng Gemeng duerch de Klimapakt profitéiere kann, ganz ofgesinn dovunner, dass d‘Gemengen hirem Haaptzil vun enger sozialer, wirtschaftlecher an ökologescher Gemeng mat dëser Kontributioun méi no kommen.

Klimapakt_Brochure_Bild 2016D‘Ënnerschreiwe vum Klimapakt ass awer nëmmen deen éischten Schratt an de Wee dono ass net ëmmer sou einfach. Heiansdo feelt et u Méiglechkeeten, meeschtens awer och un Iddien. Den EEA Moosnamekatalog gett Weeër fir a setzt d’Rahmebedingunge, mee fir sech déi méiglech Aktiounen a Projete, déi domatt verbonne si, konkret virzestellen, ass net ëmmer evident. Et muss awer net ëmmer komplizéiert sinn a wisou net dovunner profitéieren, dass aner Gemengen, Veräiner an Entreprisen schonn an dësem Beräich aktiv waren an een dëst Wëssen an de Know-How notze kann?

D’EBL huet aus dësem Grond fir Iech een Dokument ausgeschafft, dat een Iwwerbléck iwwert eis Aktivitéiten am Beräich Ëmwelt- a Klimaschutz gëtt. Hei kënnt Dir Iech inspiréieren an eis gäre bei Interessi uschreiwen. Mir hëllefen Iech gären Äer Gemeng nach méi nohalteg ze gestalten, och am Kader vum Klimapakt.

Dokument als PDF-Versioun eroflueden