• Déi éischt Mega-Batterien erfollegräich getest

    05.11.2014

    Déi éischt Mega-Batterien erfollegräich getest

    Dezentral Energiepuffer, Smart Grid…Dezentral Mega-Batterien wäerten an Zukunft eng gréisser Roll an der Städteplanung spillen.

    Soumat ass et vir Urbanisten an Städteplaner ganz interessant dëst Konzept an den Aen ze behalen. Wéi dësen Fortschrëtt ausgesäit fannt dir am dësem Artikel vun der Zeit.

  • Kopenhagen – Smart Vëlo City

    22.10.2014

    “Intelligent” Verkéiers- a Stroosseluuchten sollen de Vëlosfuerer an der Stadt Kopenhagen an Zukunft eng “gréng Well” erméiglechen. Den Test, deen d’Stad lancéiert huet, soll d’Geschwindegkeet an d’Unzuel vun de Velosfuerer moossen an un di nächst Luute weiderkommunizéieren. Dëst ass eemooleg an Europa an domatt wier Kopenhagen di éischt Smart-City vir de Vëlo! Den ganzen Artikel fannt dir ob der WiWO Green Säit.

  • Biergerreferendum géint Pesticiden

    16.10.2014

    An der Südtiroler Geméng Mals konnte bis de 5. September d’Bierger an engem Referendum driwer oofstëmmen, op an Zukunft nach Pesticiden an der Gemeng agesaat ginn oder nët an daat souwuel an der Landwirtschaft, wéi och op anere Plaatzen. D’Resultat ass eendäiteg: Iwwer 75% vun de Wieler hu fir e Verbuet vu Pesticide gestëmmt. Daat ass eemooleg an Europa. Eng Infobrochüre iwer de Referendum ass ënner folgendem Link ze fannen. Pressecommuniqué’en a Reaktiounen op d’Resultat fënnt een um Site vun Hollwint.

  • Verbrenne vu Gréngschnëtt verbueden

    16.09.2014

    Laut dem geännerten Offallgesetz vun 2012 ass et verbueden Gréngschnëtt ze verbrennen, fir en einfach just lasszeginn. Laut dem Gesetz (Artikel 42) ass daat eng “gestion incontrolée” an déi ass (sauf exceptions) net erlaabt. Theoretesch ass et och net méi erlaabt Enveloppe matt enger Plastiks-Fënsterchen an d’Papeiers-Poubelle ze geheien. D’Emweltverwaltung schafft momentan un enger Note, wat di ominéis “Exceptiounen” ugeet!

  • Aspeisetariffer: Nei Berechnungsformel

    15.09.2014

    Am Memorial N.165 fannt dir di nei adaptéiert Formel par Rapport zur Grondformel aus dem ale Memorial N.154 vun der Sait 2380.

  • Gesetz iwer d’Responsabilité environnementale

    14.09.2014

    Et gouf eng punktuell Ännerung am Gesetz iwert “responsabilité environnementale en ce qui concerne la prévention et la réparation des dommages environnementaux” ugeholl: De Passage iwer den Delais fir Mesuren zu huelen, déi e méiglechen, nach net agetraffenen, Emweltschued verhënnere kënnen, ass ugepasst ginn. Laut neiem Gesetz, muss een elo “sans retard”  an net méi “dans les sept jours” all méiglech Mesuren ënnerhuelen fir een méiglechen Emweltschued nach verhënnert ze kréien.

    Hei kommt dir zum Text am Memorial 158.

     

  • PAN “produits phytopharmaceutiques”

    14.05.2014

    Bis de 6. Oktober konnt de plan d’action national “produits phytopharmaceutiques” (PAN) beim Agrarministère ëffentlech consultéiert ginn.

    Ennert folgendem Link fannt dir dat komplett Dokument.