• San Fransisco – 100% Recycling bis 2020

    09.02.2015

    San Fransico huet sech e kloert Ziel gesat: bis 2020 well d’Stad op eng Recycling-Quote vun 100 % kommen.

    Zur Zäit huet d’Stad schonns e Prozentsaz vun 80% Recycling. Duerch e ganze Pack vu Mesurë schéngt och dëst Ziel net onméiglech ze sinn.

    Ënnert folgendem Link fannt dir déi verschidden Aktivitéiten a Programmer vun der Stad.

  • Brochüre “Hoch gefährliche Pestizide”

    18.12.2014

    Pestizid-Aktiouns-Netzwierk (PAN Gemany) huet eng nei Brochüre iwwer héich geféierlech Pestizide veröffentlecht. An der Brochüre gett beschriwe, wisou Pestizide geféierlech sinn, wéieng dovunner als héich geféierlech agestuft goufen a wéi een Alternativen dozou fördere kann. Enner folgendem Link fannt Dir d’Brochüre zum Download.

  • Planzeschutzmëttelgesetz gestëmmt

    18.12.2014

    An hierer Sitzung vum 11. Dezember huet d’Chamber iwwer dat neit Pflanzeschutzmëttelgesetz oofgestëmmt. Matt enger knapper Majoritéit gouf de Projet de loi ugeholl. Domatt ass och kloër, Pestiziden ab dem 1. Januar 2016 nët méi am ëffentleche Raum, also och net vu Gemengen dierfen agesaat ginn. De ganzen Dossier kann een op der Säit vun der Chamber ënner folgendem Link  noliesen.

  • Grenzwäert fir Holz- a Pelletsheizung

    03.12.2014

    D’Ministerin huet op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler vun der DP geäntwert, wou si erklärt huet, dass ab dem 1. Januar 2016 de Grenzwäert fir d’Feinstaubbelaaschtung vun Holz- a Pelletsheizungen op 30 µg/m³ (Mikrogramm pro Kubikmeter) festgesaat gett. Donierwt huet si betount, dass d’Grenzwäerter fir di allgemeng Belaaschtung matt Feinstaub, déi vun der EU définéiert gin, hei am Land meeschtens agehaale goufen (Ausnahm: punktuell Iwwerschreidunge vum Grenzwäert um “Aldrénger”). Sougenannten Ëmweltzonen an de Stied, wou ee nëmme matt emmissiounsaarmen Autoën däerf erafueren, wéi an aneren europäesche Länner, wären doduerch zu Lëtzebuerg nach nët virgesinn.

  • EU-Règlementer iwwer chemesch Substanzen

    13.11.2014

    Gleich 3 Texter goufen an de Summerméint vun der eruopäescher Kommissioun ausgeschafft. Et handelt sech dobäi em d’Réglement N° 900/2014 iwwer Testmethoden vu chemesche Substanzen, d’Règlement délégué N° 1062/12014 iwwer di systematesch Ënnersichung vun allen aktive Substanzen, déi a Biozide virkommen an em d’Règlement N° 895/2014 iwwer d’Annexe XIV vum dozougehéirende Règlement iwwer den Enregistrement, d’Evaluatioun an d’Autorisatioun vu chemesche Substanzen.

  • Di meescht Quelle matt Pestizide belaascht

    13.11.2014

    Op hierer Pressekonferenz Ufang November huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg erklärt, dass bei ronn dräi Véierel vun allen ënnersichte Quellen Réckstänn vu Pestizide fonnt goufen. Ennersicht goufe, nom rezente Pestizidvirfall am Stauséi, am Oktober ronn 130 Quellen a 49 Gemengen. Ze bedenken ass och, dass no 16 verschiddene Substanze gesicht gouf, déi heefeg a Pestizide virkommen. A ronn engem Drëttel vun de Prouwe gouf souguer de Grenzwäert fir proppert Drenkwaasser iwwerschratt. Den Détail zu de Prouwen an zu de Mesuren, déi geholl goufe fannt Dir um Site vum Emweltdépartement vum MDDI.

  • 5. IPCC-Klimabericht virgestallt

    12.11.2014

    Virun enger Woch huet de Weltklimarot (IPCC) dee 5. Sachstandsbericht iwwer déi aktuell wëssenschaftlech Erkentnisser a Saache Klimawandel virgestallt.

    Doraus geet ervir, dass et héich Zäit ass eppes ze ënnerhuelen. Den UN-Generalsekretär Ban Ki Moon huet betount, dass de Kampf géint de Klimawandel zwar nët belleg gett, dass et awer wesentlech méi deier gett, wa näischt gemaach gett. All Berichter vum sougenannten AR5 fannt Der ënner folgendem Link

  • Déi éischt Mega-Batterien erfollegräich getest

    05.11.2014

    Déi éischt Mega-Batterien erfollegräich getest

    Dezentral Energiepuffer, Smart Grid…Dezentral Mega-Batterien wäerten an Zukunft eng gréisser Roll an der Städteplanung spillen.

    Soumat ass et vir Urbanisten an Städteplaner ganz interessant dëst Konzept an den Aen ze behalen. Wéi dësen Fortschrëtt ausgesäit fannt dir am dësem Artikel vun der Zeit.

  • Kopenhagen – Smart Vëlo City

    22.10.2014

    “Intelligent” Verkéiers- a Stroosseluuchten sollen de Vëlosfuerer an der Stadt Kopenhagen an Zukunft eng “gréng Well” erméiglechen. Den Test, deen d’Stad lancéiert huet, soll d’Geschwindegkeet an d’Unzuel vun de Velosfuerer moossen an un di nächst Luute weiderkommunizéieren. Dëst ass eemooleg an Europa an domatt wier Kopenhagen di éischt Smart-City vir de Vëlo! Den ganzen Artikel fannt dir ob der WiWO Green Säit.

  • Biergerreferendum géint Pesticiden

    16.10.2014

    An der Südtiroler Geméng Mals konnte bis de 5. September d’Bierger an engem Referendum driwer oofstëmmen, op an Zukunft nach Pesticiden an der Gemeng agesaat ginn oder nët an daat souwuel an der Landwirtschaft, wéi och op anere Plaatzen. D’Resultat ass eendäiteg: Iwwer 75% vun de Wieler hu fir e Verbuet vu Pesticide gestëmmt. Daat ass eemooleg an Europa. Eng Infobrochüre iwer de Referendum ass ënner folgendem Link ze fannen. Pressecommuniqué’en a Reaktiounen op d’Resultat fënnt een um Site vun Hollwint.