• Solar-Training: Workshop vu Greenpeace

    30.05.2017

    Wéini: Mëttwochs, 20. Juni 2017 vun 09:00 bis 17:30  (däitsch) an Donneschdeg, 21. Juni 2017 vun 09:00 bis 17:30  (franséisch)
    Wou: Kulturfabrik, 117 rue de Luxembourg, Esch-sur-Alzette

    Greenpeace Lëtzebuerg luet an op ee Workshop zum Thema “Solar-Energien”. Dës Veranstaltung riicht sech un all déi, déi Thema vun den erneierbaren Energien engem bestëmmte Publikum wëlle méi no bréngen. Hei krit Dir Tipps an Tricks, wéi Dir dëst Thema pedagogesch flott opschaffe kënnt an engem onerfuerenen Publikum einfach an op eng attraktiv Art a Weis erkläre kënnt.

    Weider Informatioune fannt Dir a folgenden Dokumenter:

    Einladung Invitation Greenpeace solar workshop Juin 2017
    Stundenplan _ Horaire Solar workshop 20._21.6.2017
    Formulaire d’inscription solar training Juni 2017

    Umelle kennt Dir Iech bis den 10. Juni 2017 per E-Mail beim Martina Holbach, martina.holbach@greenpeace.org

    Plazen si begrenzt.

  • Littering – Landeswäit Analys elo publizéiert

    19.04.2016

    D’Administration de l’environnement (Division des Déchets) vum MDDI huet schonn am Joer 2009 eng Etude zum Thema Littering zu Lëtzebuerg an Optrag ginn. Dës Studie gouf duerch ECO-Conseil ausgeschafft an ass elo publizéiert ginn.

    Dokument fannt Dir ënnert dësem Link

  • Wéi vill Liewensmëttel ginn zu Lëtzebuerg ewech gepucht?

    23.03.2016

    An Europa sinn et 180 kg pro Kapp/Joer.

    Wat sinn dëst fir Liewensmëttel? Wéi ass Situatioun hei am Land?

    Méi Infoen fann dir hei:

    Offalanalyse

     

  • Exposition mat Pestiziden an der Schwangerschaft

    10.06.2015

    Et ass fir d’éischten Kéier dass  een direkten Lien vun enger Expositioun mat Pestiziden an während der Schwangerschaft an enger Malformatioun genital vum renomméiert Centre Hospitalier Régional Universitaire (CHRU) de Montpellier opgewisen konnt ginn.

    De Resumé, souwéi déi ganz Studie fannt dir ënnert folgendem Link.

  • Grenzwäert fir Holz- a Pelletsheizung

    03.12.2014

    D’Ministerin huet op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler vun der DP geäntwert, wou si erklärt huet, dass ab dem 1. Januar 2016 de Grenzwäert fir d’Feinstaubbelaaschtung vun Holz- a Pelletsheizungen op 30 µg/m³ (Mikrogramm pro Kubikmeter) festgesaat gett. Donierwt huet si betount, dass d’Grenzwäerter fir di allgemeng Belaaschtung matt Feinstaub, déi vun der EU définéiert gin, hei am Land meeschtens agehaale goufen (Ausnahm: punktuell Iwwerschreidunge vum Grenzwäert um “Aldrénger”). Sougenannten Ëmweltzonen an de Stied, wou ee nëmme matt emmissiounsaarmen Autoën däerf erafueren, wéi an aneren europäesche Länner, wären doduerch zu Lëtzebuerg nach nët virgesinn.

  • Di meescht Quelle matt Pestizide belaascht

    13.11.2014

    Op hierer Pressekonferenz Ufang November huet d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg erklärt, dass bei ronn dräi Véierel vun allen ënnersichte Quellen Réckstänn vu Pestizide fonnt goufen. Ennersicht goufe, nom rezente Pestizidvirfall am Stauséi, am Oktober ronn 130 Quellen a 49 Gemengen. Ze bedenken ass och, dass no 16 verschiddene Substanze gesicht gouf, déi heefeg a Pestizide virkommen. A ronn engem Drëttel vun de Prouwe gouf souguer de Grenzwäert fir proppert Drenkwaasser iwwerschratt. Den Détail zu de Prouwen an zu de Mesuren, déi geholl goufe fannt Dir um Site vum Emweltdépartement vum MDDI.

  • Verbrenne vu Gréngschnëtt verbueden

    16.09.2014

    Laut dem geännerten Offallgesetz vun 2012 ass et verbueden Gréngschnëtt ze verbrennen, fir en einfach just lasszeginn. Laut dem Gesetz (Artikel 42) ass daat eng “gestion incontrolée” an déi ass (sauf exceptions) net erlaabt. Theoretesch ass et och net méi erlaabt Enveloppe matt enger Plastiks-Fënsterchen an d’Papeiers-Poubelle ze geheien. D’Emweltverwaltung schafft momentan un enger Note, wat di ominéis “Exceptiounen” ugeet!