• Eischt energieautark Méifamilienhaus vun der Welt

    09.02.2017

    An der Schwäiz steet dat éischt komplett energieautark Méifamilljenhaus vun der Welt.

    Weider Infoen fannt dir hei

  • Solarzellen um Vëloswee

    15.12.2015

    An engem Joer goufen op 70 Meter bal 10000 kWh Stroum produzéiert. D’Initiatoren vun dësem Projet schwätzen vun engem éischten Succès-

    Weider Informatiounen zu dësem Projet fannt dir hei.

  • Stroossbuerg – Éischt Energie-Plus Wunnhéichhaus vun der Welt

    11.11.2015

    Mat iwwer 60 Wunneenheeten an 50 Meter Héicht soll dës Gebai een Iwwerschoss un Energie produzéieren.

    Weider Informatiounen zu dësem Projet fannt dir hei

  • Start vum gréissten Passivhaus Eco-Quartier mat Permaculture Gaart an Europa

    16.06.2015

    An der Aarbechter-Staat Leicester an England gouf mat den Aarbechten vun der gréisster Passivhaus Siidlung mat Permaculture Prinzipien ugefangen.

    Bei dësem Projet gëtt vun Ufank un gezielt op Selbstversuergung Wäert geluecht, an deem eng Rei Gemeinschaft sgäert ugeluecht ginn. Weider Informatiounen zu dësem interessante Projet fannt dir ënnert folgendem Link.

  • San Fransisco – 100% Recycling bis 2020

    09.02.2015

    San Fransico huet sech e kloert Ziel gesat: bis 2020 well d’Stad op eng Recycling-Quote vun 100 % kommen.

    Zur Zäit huet d’Stad schonns e Prozentsaz vun 80% Recycling. Duerch e ganze Pack vu Mesurë schéngt och dëst Ziel net onméiglech ze sinn.

    Ënnert folgendem Link fannt dir déi verschidden Aktivitéiten a Programmer vun der Stad.

  • Brochüre “Hoch gefährliche Pestizide”

    18.12.2014

    Pestizid-Aktiouns-Netzwierk (PAN Gemany) huet eng nei Brochüre iwwer héich geféierlech Pestizide veröffentlecht. An der Brochüre gett beschriwe, wisou Pestizide geféierlech sinn, wéieng dovunner als héich geféierlech agestuft goufen a wéi een Alternativen dozou fördere kann. Enner folgendem Link fannt Dir d’Brochüre zum Download.

  • 5. IPCC-Klimabericht virgestallt

    12.11.2014

    Virun enger Woch huet de Weltklimarot (IPCC) dee 5. Sachstandsbericht iwwer déi aktuell wëssenschaftlech Erkentnisser a Saache Klimawandel virgestallt.

    Doraus geet ervir, dass et héich Zäit ass eppes ze ënnerhuelen. Den UN-Generalsekretär Ban Ki Moon huet betount, dass de Kampf géint de Klimawandel zwar nët belleg gett, dass et awer wesentlech méi deier gett, wa näischt gemaach gett. All Berichter vum sougenannten AR5 fannt Der ënner folgendem Link

  • Déi éischt Mega-Batterien erfollegräich getest

    05.11.2014

    Déi éischt Mega-Batterien erfollegräich getest

    Dezentral Energiepuffer, Smart Grid…Dezentral Mega-Batterien wäerten an Zukunft eng gréisser Roll an der Städteplanung spillen.

    Soumat ass et vir Urbanisten an Städteplaner ganz interessant dëst Konzept an den Aen ze behalen. Wéi dësen Fortschrëtt ausgesäit fannt dir am dësem Artikel vun der Zeit.

  • Kopenhagen – Smart Vëlo City

    22.10.2014

    “Intelligent” Verkéiers- a Stroosseluuchten sollen de Vëlosfuerer an der Stadt Kopenhagen an Zukunft eng “gréng Well” erméiglechen. Den Test, deen d’Stad lancéiert huet, soll d’Geschwindegkeet an d’Unzuel vun de Velosfuerer moossen an un di nächst Luute weiderkommunizéieren. Dëst ass eemooleg an Europa an domatt wier Kopenhagen di éischt Smart-City vir de Vëlo! Den ganzen Artikel fannt dir ob der WiWO Green Säit.

  • Biergerreferendum géint Pesticiden

    16.10.2014

    An der Südtiroler Geméng Mals konnte bis de 5. September d’Bierger an engem Referendum driwer oofstëmmen, op an Zukunft nach Pesticiden an der Gemeng agesaat ginn oder nët an daat souwuel an der Landwirtschaft, wéi och op anere Plaatzen. D’Resultat ass eendäiteg: Iwwer 75% vun de Wieler hu fir e Verbuet vu Pesticide gestëmmt. Daat ass eemooleg an Europa. Eng Infobrochüre iwer de Referendum ass ënner folgendem Link ze fannen. Pressecommuniqué’en a Reaktiounen op d’Resultat fënnt een um Site vun Hollwint.