• Aspeisetariffer: Nei Berechnungsformel

    15.09.2014

    Am Memorial N.165 fannt dir di nei adaptéiert Formel par Rapport zur Grondformel aus dem ale Memorial N.154 vun der Sait 2380.

  • Gesetz iwer d’Responsabilité environnementale

    14.09.2014

    Et gouf eng punktuell Ännerung am Gesetz iwert “responsabilité environnementale en ce qui concerne la prévention et la réparation des dommages environnementaux” ugeholl: De Passage iwer den Delais fir Mesuren zu huelen, déi e méiglechen, nach net agetraffenen, Emweltschued verhënnere kënnen, ass ugepasst ginn. Laut neiem Gesetz, muss een elo “sans retard”  an net méi “dans les sept jours” all méiglech Mesuren ënnerhuelen fir een méiglechen Emweltschued nach verhënnert ze kréien.

    Hei kommt dir zum Text am Memorial 158.

     

  • PAN “produits phytopharmaceutiques”

    14.05.2014

    Bis de 6. Oktober konnt de plan d’action national “produits phytopharmaceutiques” (PAN) beim Agrarministère ëffentlech consultéiert ginn.

    Ennert folgendem Link fannt dir dat komplett Dokument.