• Enquêtes publiques vun de “Projets de plans directeurs sectoriels”

    11.07.2018

    Am Mee 2018 goungen déi véier Plans directeurs sectoriels an d’Enquêtes publiques. Bis den 12. Juli hat een d’Méiglechkeet, säin Avis zu de véier Texter déi déi folgend Themefelder behandelen  « paysages » (PSP), « transports » (PST), « logement » (PSL) et « zones d’activités économiques » (PSZAE) eran ze reechen.  Zu de Pläng… Zu der Presentatioun…

     

  • Gesetzesprojet iwwert d’Bëscher publizéiert

    11.07.2018

    De 28. Februar 2018 gouf de Projet zum Gesetz iwwert d’Bëscher vun der Ministesch Carole Dieschbourg an der Chamber deposéiert. De Gesetzesprojet gouf den 21. Juni 2018 bei enger Pressekonferenz presentéiert

  • De neien “Plan d’action national de réduction des produits phytopharmaceutiques (PAN)” ass do!

    06.02.2018

    De 15. Dezember 2017 gouf de neien “Plan d’action national de réduction des produits phytopharmaceutiques (PAN)” vum Landwirtschaftsminister Fernand Etgen presentéiert.
    Méi zu dësem Thema fannt Dir hei…

  • Projet vum Buedemschutzgesetz an der Chamber deposéiert

    06.02.2018

    De 26. Januar 2018 gouf de Projet zum Buedemschutzgesetz vun der Ministesch Carole Dieschbourg an der Chamber deposéiert. De projet de loi fannt Dir iwwert dëse Link…

  • Pestizide-Verbuet op ëffentleche Flächen

    11.01.2016

    Säit dem 1. Januar 2016 ass den Asaz vu Planzeschutzmëttel am ëffentleche Raum verbueden. Dëst gouf mam Artikel 11 am Gesetz vum 19. Dezember 2014 iwwert “produits phytopharmaceutiques” festgehalen.

    Méi Informatioune fannt Dir hei…

  • Upassunge bei Ëmweltgesetzer

    11.01.2016

    Am Mémorial A n°257, deen am Dezember 2015 publizéiert gouf, koum et zu 4 Upassunge vun Ëmweltgesetzer.

    Themen: responsabilité environnementale, gestion de l’eau, émissions industrielles an énergies renouvelables.
    Méi Informatioune fannt Dir hei…

  • D’Gesetz « Utilisation des produits biocides » du 4 septembre 2015 gouf am Memorial A n°177 publizéiert

    06.10.2015

    Zum Memorial

     

  • Planzeschutzmëttelgesetz gestëmmt

    18.12.2014

    An hierer Sitzung vum 11. Dezember huet d’Chamber iwwer dat neit Pflanzeschutzmëttelgesetz oofgestëmmt. Matt enger knapper Majoritéit gouf de Projet de loi ugeholl. Domatt ass och kloër, Pestiziden ab dem 1. Januar 2016 nët méi am ëffentleche Raum, also och net vu Gemengen dierfen agesaat ginn. De ganzen Dossier kann een op der Säit vun der Chamber ënner folgendem Link  noliesen.

  • EU-Règlementer iwwer chemesch Substanzen

    13.11.2014

    Gleich 3 Texter goufen an de Summerméint vun der eruopäescher Kommissioun ausgeschafft. Et handelt sech dobäi em d’Réglement N° 900/2014 iwwer Testmethoden vu chemesche Substanzen, d’Règlement délégué N° 1062/12014 iwwer di systematesch Ënnersichung vun allen aktive Substanzen, déi a Biozide virkommen an em d’Règlement N° 895/2014 iwwer d’Annexe XIV vum dozougehéirende Règlement iwwer den Enregistrement, d’Evaluatioun an d’Autorisatioun vu chemesche Substanzen.

  • Aspeisetariffer: Nei Berechnungsformel

    15.09.2014

    Am Memorial N.165 fannt dir di nei adaptéiert Formel par Rapport zur Grondformel aus dem ale Memorial N.154 vun der Sait 2380.