Dëss Ausstellung ass perfekt gëeegent fir Kanner aus dem Fondamental a soll hinnen di zwee Themen Buedem a Bësch mi no bréngen. D’Ausstellung kann op engem Support aus Stoff bei der EBL ausgeléint ginn oder awer an digitaler Form op 2 CD’e kaaf ginn. Béid CD’e goufe spezifesch un de Léierstoff vun den Primärschoulen zougeschnidden. Daat ganzt Material ka fräi geprint, multiplizéiert, vergréissert an opgehaangen, awer nët un Drëtt weidergereecht ginn. Och d’Kopéiere vun den CD’en ass nët erlaabt.

Enthale si nierwt theoreteschen Hannergrondinformatiounen an didakteschem Material och Léierhëllefen, Affichen a Biller, Tipps fir Ausflich, Literaturangaben an en Inventar fir eng Buedem- a Bësch-Valise opzestellen. Op Nofro hi kann d’EBL och matt engem ergänzenden Atelier flott Experimenter matt de Kanner maachen. De Präis fir esou en Atelier gëtt individuell, je no Zeit- a Materialopwand festgeluet.

 

  • Präis fir d’Ausléinen: Gratis (Memberen) ¦ 20 € (Net-Memberen)
  • Präis fir di 2 CD’en (digital): Gratis

UFRO FIR D’PUBLIKATIOUN

Merci! Votre demande a été transférée à l'équipe EBL