Gemengepinnwand

31/03/2015: Méi Natur ronderëm mäin Haus

commune_sanem

D’Gemeng Suessem an Zesummenaarbecht mam SICONA-Westen, natur&ëmwelt an den Amis de la fleur vu Bieles huet e Flyer erausbruet, deen erklärt, wéi een am Virgäertchen an um Balkon fir manner Beton an dofir méi Natur ka suergen!

Op eng flott Art a Weis weist de Flyer, wéi ee matt Kräider, Stauden a Knollen e Paradies fir Villecher an Insekte schaafen an dobäi och nach ganz einfach op Pestizide verzichte kann.

Außerdem invitéiert de Flyer op e Workshop mam Thema “Gesundes Gemüse in meinem Garten ohne Gift”, deen den 31. Mäerz 2015 vu 19h00 bis 21h00 am Home vun CTF Bieles (28A, rue G.-D. Charlotte) stafffënnt. De Workshop gett geleet vun der Dr. rer. medic. Sarah Moritz vum Ethnobotaneschen Institut vu Freisen-Grügelborn (D) an ass an däitscher Sprooch.

Doriwer eraus invitéiert de Flyer och nach op eng “Kückenverkaufsschau” vun der société avicole vu Bieles. Dëss fënnt den 28. a 29. Mäerz 2015 vu 9h00 – 18h00 Auer am Festikuss (ancien CORKS) statt.

Weider Informatioune kritt een op der Internetsäit vum Emweltservice vun der Gemeng Suessem oder ënnert der Telefonsnummer: 59 30 75 659).

Klickt op d’Bild fir de Flyer als PDF ze lueden!

Flyer Sanem